Wéi ech déi éischte Kéier d’Kombinatioun vun där Zuel (7) mat deem Begrëff (Walbezierker) gesinn hunn, hunn ech gemengt dat misst ee Feeler sinn. Mä nee, den Henri Schmit, Fuerscher a Saache politesch Representatioun a Walsystemer, mengt et eescht. Grond genuch fir sech seng Propose méi genau unzekucken.Weiterlesen »
Schlagwort: Walsystem

Walsystem: Mäi Bréif un d’Parteien
Endlech endlech endlech… U sech hat ech schonn alles geplangt, preparéiert a quasi fäerdeg, an dann hunn ech mech awer vun allem iergenswéi ophale gelooss. Mä egal, lo ass et endlech esou wäit! Weiterlesen »
An 22 vu 46 Proporzgemenge gëtt de „Wielerwëllen“ mëssuecht!
Dëser Deeg gëtt et zu Lëtzebuerg just een Thema: de Wielerwëllen! Do kann ech mer et einfach net huele loosse meng eegen Iwwerleeungen dozou nidderzeschreiwen. Weiterlesen »
En ideale Walsystem?
Saache kritiséieren ass einfach, besser Alternative virschloe scho méi schwéier. Nodeems ech hei um Blog eenzel Deeler vum lëtzebuerger Walsystem kritiséiert hunn, wëll ech dann elo och eng eege Propose virstellen.Weiterlesen »

Walsystem: D’Bezierker sinn nemei zäitgeméiss
Nodeems ech a mengem leschte Blogpost iwwer de lëtzebuerger Walsystem gewisen hunn, datt d’Opsplécke vum Land a 4 Walbezierker deene grousse Parteie sëtztechnesch ze gutt kënnt, wollt ech haut iwwer déi aner Grënn schreiwe wisou d’Walbezierker net méi an eis Zäit passen. Weiterlesen »

Walsystem: D’Bezierker verzerren de Wielerwëllen
No der leschter Sonndesfro vum Tageblatt hat ech d’Resultater als Beispill geholl fir ze weisen, datt eppes mat eisem Sëtzverdeelungssystem net stëmmt. Den d’Hondt-System bevirdeelegt di grouss Parteie par Rapport zu deene ganz Klengen enorm. An dësem Blogpost wëll ech weisen, datt d’Bezierker erheblech dozou bäidroen, datt d’Walresultat zu Gonschte vu virun allem der gréisster Partei verzerrt gëtt. Weiterlesen »
Walsystem: Di Saach mat der Walflicht…
D’Walflicht ass nieft dem Panachage wuel déi Charakteristik schlechthin vum lëtzebuergescher Walsystem. Laut dem leschte Politmonitor gëtt se och vun der lëtzebuergescher Bevëlkerung gedroen, knapp 80% vun de Leit hätte gär datt se viru Bestand huet. Trotzdem steet se aktuell ganz oft am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen, nämlech wéinst dem Referendum a knapp zwou Wochen. Weiterlesen »
Suivi Geschlechterquot – Gesetzlech wéi parteiintern
Knapp en halleft Joer no mengem éischte Blogpost zur Geschlechterquot – deen och am Forum verëffentlecht gouf, cool nee?^^ – wollt ech elo nach eng Kéier drop zeréckkomme fir ze ziele wat sech säit dem (net) gedoen huet, souwuel gedanklech bei mir ewéi och parteiintern bei de Piraten. Weiterlesen »
Walsystem: Hürden, Hürden, Hürden
Am éischten Deel vu menger klenger Serie iwwer de lëtzebuerger Walsystem ass et ëm d’Sëtzverdeelung an domadder a gewëssermoossen och schonn ëm Hürde gaangen. An dësen Deel wëll ech iech d’Problemer vun aneren Hürden am Walsystem méi no bréngen, nämlech vun där fir iwwerhaapt un de Walen deelzehuelen, där vun der staatlecher Parteiefinanzéierung an aner fir Parteie relevant Hürden. Weiterlesen »

„An engem Walsystem ewéi eisem verkënnt d’Sëtzverdeelung zu enger Lotterie“
Wien mech kennt, dee weess datt ech absolut net mat eisem Walsystem am Land averstane sinn. Et gëtt keen Aspekt vun dësem System, deen ech net scho mol verdaamt hunn: de Panachage, d’Bezierker, d’Sëtzverdeelung, d’Hürde fir Parteiefinanzéierung, d’Hürde fir Walparticipatioun selwer an neierdéngs och d’Limitte bei der Walwerbung. Ech wäert probéieren an Zukunft zu all dësen eenzelne Punkten en eegene Blogpost ze schreiwen, fänken awer haut mat der Sëtzverdeelung un. Weiterlesen »