A mengem éischte Blogpost zur Vorratsdatespäicherung (VDS) hat ech de Justizminister Félix Braz als Mënsch ouni politeschem Courage, an dëser Saach op mannst, bezeechent. Ech sollt Recht behalen. Leschte Freiden huet de Justizminister seng Iwwerleeungen a Conclusioune säit dem Uerteel vum EuGH am Abrëll der Press virgestallt. Weiterlesen »
Schlagwort: Iwwerwaachung
Den ‚UN High Commissioner on Human Rights‘ iwwer Masseniwwerwaachung
Am Juli huet den UN High Commissioner on Human Rights en Rapport verëffentlecht, dee vun ‚Privacy International‘ als ‚Game-Changer‘ an der Diskussioun ronderëm Privatsphär am Internet an Iwwerwaachungsmesuren insgesamt betittelt gouf. Leider gesäit et aktuell awer absolut net duerno aus, wéi wann deen Text och nëmmen iergendeppes an der Virgoensweis vu verschiddene Staaten, sou och vu Lëtzebuerg, géing änneren. Trotzdem, oder grad dowéinst ass et awer wichteg ze wëssen zu wéi enge Schlëss d’UN-Kommissär kënnt, wann et ëm Iwwerwaachung geet. Ech picken déi menger Meenung no wichtegst Passagen an Erkenntnisser eraus a loossen se onkommentéiert stoen, ech leeën et awer jidderengem un d’Häerz sech déi 15 Säite selwer eng Kéier komplett duerchzeliesen.
NSA-Skandal? War do eppes?
Lëtzebuerg interesséiert sech net fir d’Privatsphär a këmmert sech och net drëm. Dat ass den enorm enttäuschende Bilan vu gutt engem Joer NSA-Skandal an dat mécht mech rosen. Weiterlesen »

Vorratsdatespäichere: Dem Felix Braz feelt et u politeschem Courage
Säit dem Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff („EuGH“) zur Vorratsdatespäicherung („VDS“) ass an de verschiddenen EU-Memberlänner villes geschitt. An Däitschland bleift et wuel derbäi, datt VDS der Geschicht ugehéiert, an Éisterräich a Rumänien gouf d’Direktiv gekippt, Dänemark hält weider dru fest, a Pole muss just d’Gesetz liicht verännert ginn an a Groussbritannien gouf séier en Noutstandgesetz ugeholl fir d’VDS a Kraaft ze halen. Zu Lëtzebuerg soll am September bekannt gema ginn, wat mat der VDS geschitt, wann een dem grénge Justizminister Felix Braz awer uerdentlech nolauschtert héiert een eraus, datt et scho feststeet, datt d’VDS net ofgeschaf, mä reforméiert wäert ginn. Vill ganz ënnerschiddlech Decisiounen also, obwuel d’Uerteel vum EuGH enorm däitlech ass. Weiterlesen »