Nom neien Uerteel géint VDS: Chance fir eng besser Sécherheetspolitik!

Kuerz viru Chrëschtdag koum alt nees eng wonnerbar Noriicht vum Kierchbierg. Den EuGH huet sech nämlech fir d’Zweet méi wéi kloer géint de Prinzip vun der Vorratsdatespäicherung ausgeschwat. Ee Prinzip, wat bedeit huet, datt vu jidderengem pauschal an ouni Grond perséinlech Donnéeën iwwer eng gewëssen Zäit gespäichert gi – an dësem konkrete Fall vun eiser Kommunikatioun. Weiterlesen »

Conseil de l’Europe veruerteelt Masseniwwerwaachung schaarf. Oder: Ernüchternd.

De Conseil de l’Europe huet den 21. Abrëll dëst Joer eng Resolutioun géint Masseniwwerwaachung gestëmmt. A wat fir eng. Net nëmmen nennt se d’Iwwerwaachung dat wat se ass, nämlech „eng Gefor fir d’Mënscherechter“, mä rifft d’Länner och dozou op ee wierksame Schutz fir Whistleblower, inklusiv Asylrecht, national en place ze setzen. Weiterlesen »

#PNR – Wat ass dat iwwerhaapt?

D’Fuerderung vu Kommissioun an de Memberstaten no engem EU-PNR-System gëtt et op d’mannst schonn esou laang ewéi d’PNR-Ofkommesse mat Australien an den USA. Bis elo huet sech virun allem d’EU-Parlament dogéint gewiert, säit den Terroruschléi zu Paräis schéngt et awer och do elo eng Majoritéit derfir ze ginn. Mee wat ass dat dann elo iwwerhaapt genau? Ass et méi oder schlëmm ewéi déi ëmstridde Vorratsdatespäicherung beispillsweis? Weiterlesen »

Iwwerraschung! Och de Kommissar fir Mënscherechter vum Conseil de l’Europe géint VDS!

Nodeems sech schonn am Juli den ‚UN High Commissioner on Human Rights‘ an engem Rapport géint d’Vorratsdatespäicherung (VDS) ausgeschwat hat („Mandatory third-party data rentention (…) appears neither necessary nor proportionate.“) huet elo och den ‚Commissaire aux Droits de l’Homme‘ vum Conseil de l’Europe an engem Issue Paper eng souguer nach méi däitlech Ausso getraff. Weiterlesen »

Den ‚UN High Commissioner on Human Rights‘ iwwer Masseniwwerwaachung

Am Juli huet den UN High Commissioner on Human Rights en Rapport verëffentlecht, dee vun ‚Privacy International‘ als ‚Game-Changer‘ an der Diskussioun ronderëm Privatsphär am Internet an Iwwerwaachungsmesuren insgesamt betittelt gouf. Leider gesäit et aktuell awer absolut net duerno aus, wéi wann deen Text och nëmmen iergendeppes an der Virgoensweis vu verschiddene Staaten, sou och vu Lëtzebuerg, géing änneren. Trotzdem, oder grad dowéinst ass et awer wichteg ze wëssen zu wéi enge Schlëss d’UN-Kommissär kënnt, wann et ëm Iwwerwaachung geet. Ech picken déi menger Meenung no wichtegst Passagen an Erkenntnisser eraus a loossen se onkommentéiert stoen, ech leeën et awer jidderengem un d’Häerz sech déi 15 Säite selwer eng Kéier komplett duerchzeliesen.

Weiterlesen »

Vorratsdatespäichere: Dem Felix Braz feelt et u politeschem Courage

Säit dem Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff („EuGH“) zur Vorratsdatespäicherung („VDS“) ass an de verschiddenen EU-Memberlänner villes geschitt. An Däitschland bleift et wuel derbäi, datt VDS der Geschicht ugehéiert, an Éisterräich a Rumänien gouf d’Direktiv gekippt, Dänemark hält weider dru fest, a Pole muss just d’Gesetz liicht verännert ginn an a Groussbritannien gouf séier en Noutstandgesetz ugeholl fir d’VDS a Kraaft ze halen. Zu Lëtzebuerg soll am September bekannt gema ginn, wat mat der VDS geschitt, wann een dem grénge Justizminister Felix Braz awer uerdentlech nolauschtert héiert een eraus, datt et scho feststeet, datt d’VDS net ofgeschaf, mä reforméiert wäert ginn. Vill ganz ënnerschiddlech Decisiounen also, obwuel d’Uerteel vum EuGH enorm däitlech ass. Weiterlesen »