Déi lescht Woch war déi kontrovers Propose vun der EU-Kommissioun an der Chamber, déi ë.a. zum Zil huet besser/méi strikt mat Material vu Kannermëssbrauch am Internet ëmzegoen. D‘Chamber war sech dobäi zimmlech eens wéi een zu dëser Iddi steet, bis se et net méi war. Weiterlesen »
Schlagwort: Digital Grondrechter
#Chatkontrolle: Wourëms geet et? Wat leeft zu Lëtzebuerg?
Ee Mëttwoch gëtt zu Bréissel eng nei europäesch Veruerdnung géint sougenannten „child sexual abuse material“, kuerz CSAM, virgestallt. Do halen awer och schonn déi op den éischte Bléck positiv Noriichten op. Déi nei Veruerdnung wäert nämlech dorobber erauslafen, datt eis gesamt Online-Kommunikatioun an Zukunft iwwerwaacht gëtt.Weiterlesen »

JHA-Rundown: Nei (an net sou nei) Iwwerwaachungsmesuren
Wann d’EU-Justiz- a Policeminister*innen och d’Gesondheet an hire Ressorten hätten, sinn ech mer sécher, datt ee säit spéitstens Abrëll d’Gefill hätt, datt een an Europa gemeinsam géint de Coronavirus virgeet. Wann ëmmer et nämlech en Terroruschlag an Europa gëtt, sinn se ganz séier derbäi nei (an net sou nei) Iwwerwaachungsmesuren ze fuerderen an drun ze schaffen. Ech wollt iech hei ee klengen Iwwerbléck verschafen, wat aktuell d‘Prioritéite vun den nationale Regierungen an der Lutte géint den Terror sinn, sou wéi se ë.a. den 13. November an enger Videokonferenz vum zoustännege Conseil festgehale goufen.Weiterlesen »

Europäesch Netzpolitik: All Stëmm zielt!
5 Stëmmen hu gefeelt géint d‘Uploadfilter. 3 hunn der gefeelt fir d‘1-Stonne-Reegel aus der Terrorfilter-Veruerdnung ze sträichen. Wann et ëm digital Grondrechter geet, ass d‘Europaparlament also matzen an der Mëtt gespléckt. Zu Lëtzebuerg hu mer d‘Chance dozou bäizedroen, datt am nächste Parlament déi knapp Decisiounen zu eisem Gonschten ausginn. Mir stëmmen zwar „just“ iwwer 6 Deputéiert of, mä et ass grad dee 6. Sëtz, deen 3. vun der CSV, dee méi wéi wackelt. Un eis dofir ze suergen, datt deen un eng Partei geet, déi eis digital Rechter verteidege wäert. Weiterlesen »

Wéi mer elo Artikel 13 nach verhënnere kënnen a wäerten!
Gëschter (13.02) war de leschten Trilog a Saachen EU-Urheberrechtsreform, an et gouf sech op ee fir den Internet enorm schlechten Text verstännegt. Artikel 13 wäert méi wéi nëmmen Uploadfiltere mat sech bréngen. Wat genau festgehale gouf, kënnt der beim Julia Reda op sengem Blog noliesen. Hei soll et elo just dorëms goen, wats Du elo maache kanns, fir sécherzestellen, datt esouwuel déi lëtzebuergesch Regierung, ewéi eis 6 Europadeputéiert am definitive Vott géint dës Reform stëmmen. Weiterlesen »

Digital Grondrechter: Wat erwaart eis 2019?
Et muss een sech Netzaktivist*innen an Dateschützer*innen als glécklech Mënsche virstellen. All puer Méint schliisslech gëtt et een Opschrei hei an Europa, datt entweder eis Fräiheetsrechter oder awer de fräien Internet vun iergendenger neier Veruerdnung oder Direktiv a Gefor geroden. Fir datt elo op mannst am neie Joer kee vun iech um falsche Fouss erwëscht gëtt, hunn ech mer d‘Méih gemaach ze kucke wat dann elo 2019 alles a Saachen (digital) Grondrechter op eis duerkënnt.
Weiterlesen »