Walsystem: Hürden, Hürden, Hürden

Am éischten Deel vu menger klenger Serie iwwer de lëtzebuerger Walsystem ass et ëm d’Sëtzverdeelung an domadder a gewëssermoossen och schonn ëm Hürde gaangen. An dësen Deel wëll ech iech d’Problemer vun aneren Hürden am Walsystem méi no bréngen, nämlech vun där fir iwwerhaapt un de Walen deelzehuelen, där vun der staatlecher Parteiefinanzéierung an aner fir Parteie relevant Hürden. Weiterlesen »

„An engem Walsystem ewéi eisem verkënnt d’Sëtzverdeelung zu enger Lotterie“

Wien mech kennt, dee weess datt ech absolut net mat eisem Walsystem am Land averstane sinn. Et gëtt keen Aspekt vun dësem System, deen ech net scho mol verdaamt hunn: de Panachage, d’Bezierker, d’Sëtzverdeelung, d’Hürde fir Parteiefinanzéierung, d’Hürde fir Walparticipatioun selwer an neierdéngs och d’Limitte bei der Walwerbung. Ech wäert probéieren an Zukunft zu all dësen eenzelne Punkten en eegene Blogpost ze schreiwen, fänken awer haut mat der Sëtzverdeelung un. Weiterlesen »

Vum Walrecht ab 16 a politescher Bildung

Viru gutt zwou Wochen huet d’Wort mam RTL en TNS-Ilres-Sondage verëffentlecht wou d’Froe vum Verfassungsreferendum am nächste Joer och gestallt goufen. Fir mech perséinlech net ganz iwwerraschend gëtt just d’Walrecht ab 16 däitlech ofgelehnt (33% Jo vs. 62% Nee).

Di Deeg duerno hat sech a menger Twitterblos eng Diskussioun lassgetrëppelt, datt een endlech de Problem vun der mangelnder „politescher Bildung“ bei deene Jonke behiewe misst, virun allem och well di Jonk (hei 18-24-järeg) an dësem Sondage selwer géint esou ee Walrecht sinn (40% vs. 51%). Weiterlesen »

Debattebäitrag: Geschlechterquot bei politesche Walen?

Disclaimer: Bevir ech mam eigentlechen Thema lassleeën, géing ech gär e puer Saache kloerstellen. 1) Ech perséinlech definéiere mech als Feminist, spréch ech setze mech fir eng gesellschaftlech Gläichbehandlung vun alle Geschlechter an a wiere mech géint all Form vu Sexismus. 2) An dësem Blogpost geet et ausschliisslech ëm déi sougenannte Geschlechterquot op de Kandidéierendelëschte fir politesch Walen. 3) Meng Positioun zu dëser Quot an de Conseils d’administration vu staatlechen a privaten Entreprisen ass eng aner. Weiterlesen »

Konsultativ Verfassungsreferenden: Schlecht virbereed a Politik 1.0

D’Verfassungsreform ass nieft der schwaarzer 0 beim Staatsbudget de Projet schlechthin vun der blo-rout-grénger Regierung. Net vir näischt ass et och den alleréischte Punkt am Koalitiounsaccord. Fir d’Verfassungsreform ofzeschléissen, déi säit 1999 an der Chamber diskutéiert gëtt, ginn d’BiergerInnen a sougenannte konsultative Referenden iwwer verschidde Punkten, dorënner haaptsächlech d’Walrecht fir Net-Lëtzebuerger, no hirer Meenung gefrot. Dëst ass ee gudden, couragéierten a wichtegen, awer bei wäitem kee perfekte Schratt. Wou bis elo Feeler gemaach goufe probéieren ech an dësem Blogpost duerzestellen. Weiterlesen »