Ettelbréck: Biergerbedeelegung ouni Wäert

Nieft enger gudder Informatiounspolitik ass eng eescht gemengte Biergerbedeelegung – virun allem op kommunalem Niveau – ee wichtege Pilier am Kampf géint Politikverdrossenheet an domadder och géint de Populismus. Zu Ettelbréck goufen et déi lescht Joren eng ganz Rei vu Méiglechkeete fir d‘Awunner*innen sech anzebréngen, wat absolut ze begréissen ass, just hapert et ëmmer erëm un der Ëmsetzung, esouwéi dem Eeschthuele vun esou Projeten.
Weiterlesen »

D’Quot kënnt – mat minimalste Sanktiounen

Gëschter gouf d’Geschlechterquot der Ëffentlechkeet – eng zweete Kéier – virgestallt. Während d’lescht Joer déi global Iddi mat éischten, fir verschidde Parteien erschreckende Sanktiounen („25% (-75) de la dotation“) virgestallt, gouf elo den Avant-Projet de Loi presentéiert wéi en am Regierungsrot ugeholl gouf. An an dësem sinn déi finanziell Sanktiounen enorm geschrumpft. Weiterlesen »

Walsystem: D’Bezierker verzerren de Wielerwëllen

No der leschter Sonndesfro vum Tageblatt hat ech d’Resultater als Beispill geholl fir ze weisen, datt eppes mat eisem Sëtzverdeelungssystem net stëmmt. Den d’Hondt-System bevirdeelegt di grouss Parteie par Rapport zu deene ganz Klengen enorm. An dësem Blogpost wëll ech weisen, datt d’Bezierker erheblech dozou bäidroen, datt d’Walresultat zu Gonschte vu virun allem der gréisster Partei verzerrt gëtt. Weiterlesen »

Argumentencheck: Nee2015.lu

Anescht wéi d’Unhänger vum ‚Jo‘ zum Walrecht fir Net-Lëtzebuerger, déi sech an der Plattform MINTE zesummegedoen hunn, gëtt et keen eenheetleche Grupp déi den ‚Nee‘ representéiert. Net desto trotz ginn et vill Privatinitiativen, wou sech Nee2015.lu als déi am meeschten ënnerstëtzten erauskristalliséiert. Op hirem Internetsite hunn se en Argumentaire géint d’Walrecht fir Net-Lëtzebuerger publizéiert, deen ech mer an dësem Blogpost méi genau ukucken. Weiterlesen »

Referendum: Ministermandater op Zäit begrenzen?

Nieft de Froen iwwert eng eventuell Walrechtserweiderung gëtt de 7. Juni och d’Fro gestallt, ob an Zukunft Mënsche just nach 2 Legislaturperioden hannertenaner dierfe Minister sinn. Mat dëser Fro dinn ech mech am Géigendeel zu deenen anere Froe richteg schwéier, wat och dorunner läit, dat dëst eng nei Diskussioun ass an ech mer bis haut nach net wierklech vill Gedanken zu deem Thema gemaach hunn.Weiterlesen »