Saache kritiséieren ass einfach, besser Alternative virschloe scho méi schwéier. Nodeems ech hei um Blog eenzel Deeler vum lëtzebuerger Walsystem kritiséiert hunn, wëll ech dann elo och eng eege Propose virstellen.Weiterlesen »
Onzefridden
Wann een der leschter TNS-Ilres Sonndesfro gleewe kann trëppelen d’Pirate grad prozenttechnesch op der Plaz a goufe souguer vun de Kommunisten(!) iwwerholl. Och wann et just eng Ëmfro méi wéi 2 Joer virun den nächste Walen ass mécht mech dat Resultat zimlech onzefridden. Weiterlesen »

Vun Horrorclownen an anere Kasperen
Leschten Donneschden, zwee Deeg virun Halloween, war di zweet Sécherheetsversammlung zu Ettelbréck, dës Kéier mam Minister fir déi „bannenzescht Sécherheet“ Etienne Schneider. Den Undrang war genau sou kleng ewéi bei der Éischter a wierklech Neies gouf vu Biergersäit net verzielt. Ech wëll awer och guer net iwwer d’Versammlung schwätzen, mä vill méi iwwer dat wat mir duerno geschitt ass. Weiterlesen »
D’Quot kënnt – mat minimalste Sanktiounen
Gëschter gouf d’Geschlechterquot der Ëffentlechkeet – eng zweete Kéier – virgestallt. Während d’lescht Joer déi global Iddi mat éischten, fir verschidde Parteien erschreckende Sanktiounen („25% (-75) de la dotation“) virgestallt, gouf elo den Avant-Projet de Loi presentéiert wéi en am Regierungsrot ugeholl gouf. An an dësem sinn déi finanziell Sanktiounen enorm geschrumpft. Weiterlesen »

Ëffentlechen Transport zu Ettelbréck: Ech gi léiwer ze Fouss
Als führerschäilose Mënsch sinn ech op den ëffentlechen Transport, respektiv op gnädeg Matmënschen ugewisen. An obwuel ech an enger Gemeng mat eegenem City Bus wunnen, nämlech Ettelbréck, sou huelen ech dee quasi ni. Wann ech meng Pläng maache fir a Richtung Stad fält mer bal ëmmer op, datt kee CityBus zäitlech esou op d’Gare fiert, datt ech dann den Zuch kéint huelen. Esou ginn ech da ganz oft déi 20-25 Minutte vu Waarken op Ettelbréck ze Fouss. Grond genuch fir mech de Fahrplang vum Ettelbrécker CityBus méi genau unzekucken. Weiterlesen »

Kuerz: Neilandblog a Flattr
Zwee kuerz Updates wat dëse Blog ugeet. Weiterlesen »

D’Medie gi gebraucht am Kampf géint de Rassismus!
Virgëschter huet d’Anja Reschke, Journalistin beim NDR, an engem impressionante Kommentar op der ARD géint d’Hetz géint Flüchtlingen op den (a)soziale Medie mobil gemaach. Et wier nees un der Zäit, datt et en „Aufstand der Anständigen“ géing ginn, déi sech kloer géint rassistesch, auslänner- a schlicht mënschefeindlech Aussoen ausschwätzen. Datt een net méi einfach sollt passiv dernieft stoen an dat einfach geschéie soll loossen. Weiterlesen »

Walsystem: D’Bezierker sinn nemei zäitgeméiss
Nodeems ech a mengem leschte Blogpost iwwer de lëtzebuerger Walsystem gewisen hunn, datt d’Opsplécke vum Land a 4 Walbezierker deene grousse Parteie sëtztechnesch ze gutt kënnt, wollt ech haut iwwer déi aner Grënn schreiwe wisou d’Walbezierker net méi an eis Zäit passen. Weiterlesen »

Ettelbréck: Mythos Onsécherheet
D’Opreegung war grouss den 2. Mäerz an d’Deeg duerno. Et gouf ee Mann just virum Gemengenhaus zu Ettelbréck ëmbruecht. Op Facebook hunn sech vill Leit manifestéiert, déi soen, datt een sech scho laang net méi géing trauen duerch Ettelbréck ze trëppelen, d’Press ass dorobber opgesprong an huet d’Stad als „Ettelbrooklyn“ duergestallt. Mä ass d’Situatioun dann tatsächlech esou schlëmm zu Ettelbréck? Gëschter, de 14. Juli, war eng éischt Biergerversammlung zum Thema Sécherheet, déi kloer gewisen huet, datt de Problem op engem ganz aneren Niveau läit. Weiterlesen »

Fraen onerwënscht: Radio 100,7 net besser ewéi den RTL
Leschte Mount hunn ech driwwer gebloggt, datt beim Radio RTL een enormt Ongläichgewiicht tëscht männlechen a weiblechen Invitéeën existéiert. Ech hat mech dee Moment op den RTL limitéiert, well et bei hinnen am Einfachsten ass, spréch déi mannste Klicks erfuerderlech sinn, fir all déi néideg Informatiounen zesummen ze kréien. D’Thematik huet mech awer net lassgelooss, wisou ech mer elo och d’Zuele vum Radio 100,7 ugekuckt hunn. Weiterlesen »