Wéi ech am Summer 2017 bei de Piraten ausgetruede sinn, hat ech am Fong Wëlles bis no de Chamberwalen dat Joer drop ze waarden bis ech nees enger Partei bäitrieden. Wéi ech et dunn awer e bësse mat der Angscht ze di krut hunn, datt déi gréng vläicht awer eng Koalitioun mat der CSV agoe kéinten, hunn ech meng Decisioun no vir verluecht. A mengem Hannerkapp hat ech mech nämlech scho fir déi gréng decidéiert, wier awer wuel net dozou bereet gewiescht hinnen an esou enger Konstellatioun bäizetrieden. Lo 3 Joer méi spéit sinn ech absolut zefridde mat mengem Choix, et ginn awer e puer Saachen, déi mech reegelméisseg nerven. Weiterlesen »
Kategorie: Perséinleches
Mäin Austrëtt aus der Piratepartei
No (ze) ville Méint Iwwerleeën, Nokucken a versichen dat Bescht aus der Situatioun ze maachen, sinn ech dësen August no bal 8 Jore Memberschaft aus der Piratepartei ausgetrueden. Weiterlesen »

Kuerz: Neilandblog a Flattr
Zwee kuerz Updates wat dëse Blog ugeet. Weiterlesen »

Hypnagog Erscheinungen
Has Du dat och scho mol, datts de zwar waakreg, däi ganze Kierper an däi Gehir awer nach op Schlofen agestallt waren? Ech hunn dat reegelméisseg säit gutt 4 Joren. Am Fachterminus nennt sech dat „Hygnagogie“ oder och einfach „Schlofparalys“. Weiterlesen »