Zukunftspartei? Zukunftspartei!

Si mer ëmmer nach um richtege Wee? Kënnen, sollen, mussen oder wëlle mer eis Prioritéite vläicht upassen? Ass d‘Zukunft vun der Partei ofgeséchert? Wann net, wat ass schif gelaf? Wann jo, geet eis dat duer? Kuerz no nationale Walen ass ëmmer eng gutt Zäit fir Parteien ee Schratt zréckzegoen an ze versichen aus der alldeeglecher Politik ze entfléien fir esou ee bessere Bléck op dat grousst Ganzt ze hunn. Ech versiche mech hei un esou enger kuerzer Analys vun deene Gréngen. Weiterlesen »

esports: Ob „Sport“ oder net ass u sech (net) egal!

Den esports, also dat kompetitiivt Videospillen, kënnt einfach net méi aus de mediale Schlagzeilen eraus. Ob wéinst engem Investissement vum Michael Jordan, wéinst der Decisioun vu McDonald‘s, net méi déi däitsch Männerfussball-Nationalequipe ze sponseren, mä léiwer am esports aktiv ze sinn, oder wéinst der grad fäerdeg gespillter Weltmeeschterschaft a „League of Legends“. Ganz beléift an der (virun allem däitschsproocheger) Press ass dobäi d‘Fro, ob den esports dann elo ee „richtege Sport“ ass, oder eben net. Och wann ech d‘Diskussioun doriwwer selwer enorm spannend fannen, ass d‘Äntwert dorobber wierklech egal, well pur Symbolik. Weiterlesen »

(Tësche)Fazit zum méi spéide Schoulufank: Politesche Wëlle gefrot!

Enn lescht Joer hat ech eng Petitioun lancéiert , déi gefuerdert huet, datt d‘Lycéeën an Zukunft eng Stonn méi spéit ufänke fir esou engersäits dem alldeegleche Verkéierskollaps entgéint ze wierken an anerersäits op wëssenschaftlech Erkenntnisser ze reagéieren, déi soen, datt Jugendlecher méi fit, méi konzentréiert, méi gesond a méi leeschtungsfäeg sinn, wann se moies eng Stonn méi laang schlofe kënnen. Ech hunn dës Iddi a gläich e puer Medien dierfe virstellen, an hat zum Schluss knapp iwwer 400 Ënnerschrëfte gesammelt. Weiterlesen »

Nom neien Uerteel géint VDS: Chance fir eng besser Sécherheetspolitik!

Kuerz viru Chrëschtdag koum alt nees eng wonnerbar Noriicht vum Kierchbierg. Den EuGH huet sech nämlech fir d’Zweet méi wéi kloer géint de Prinzip vun der Vorratsdatespäicherung ausgeschwat. Ee Prinzip, wat bedeit huet, datt vu jidderengem pauschal an ouni Grond perséinlech Donnéeën iwwer eng gewëssen Zäit gespäichert gi – an dësem konkrete Fall vun eiser Kommunikatioun. Weiterlesen »

Opgepasst bei FB-Pages: Ech hun mäin Lëtzebuerg gären

Schonn di lescht Jore gouf virun allem d’Jugend ëmmer do virdru gewarnt, dat se um Internet, a säit dem Opstig vu Facebook, op „Soziale Medien“ oppasse sollen, wat se posten, liken a gleewen. Wann een sech elo all d’Norichten ronderëm „Fake News“ beispillsweis am Kader vun de leschten amerikanesche Walen ukuckt, da weess een, datt een all di Warnunge besser gehat hätt un all Altersgrupp an der Bevëlkerung ze riichten, schliisslech mécht d’Digitaliséierung, an domadder och all hir Risike viru kengem Halt.Weiterlesen »

Fraen onerwënscht: 1 Joer méi spéit

Viru genau 1 Joer hunn ech en éischte Blogpost dëser Aart verëffentlecht, Zäit also ze kucken ob d’Frae mëttlerweil méi oft an d’Redaktiounen invitéiert ginn. An dësem Joer huet sech eigentlech vill gedoe wat d’Representatioun vun der Fra ugeet, d’Geschlechterquot op de Kandidéierendelëschte fir d’Wale kommen a mir haten nawell direkt e puer Diskussiounen iwwer Sexismus an eiser Gesellschaft. Weiterlesen »