(Tësche)Fazit zum méi spéide Schoulufank: Politesche Wëlle gefrot!

Enn lescht Joer hat ech eng Petitioun lancéiert , déi gefuerdert huet, datt d‘Lycéeën an Zukunft eng Stonn méi spéit ufänke fir esou engersäits dem alldeegleche Verkéierskollaps entgéint ze wierken an anerersäits op wëssenschaftlech Erkenntnisser ze reagéieren, déi soen, datt Jugendlecher méi fit, méi konzentréiert, méi gesond a méi leeschtungsfäeg sinn, wann se moies eng Stonn méi laang schlofe kënnen. Ech hunn dës Iddi a gläich e puer Medien dierfe virstellen, an hat zum Schluss knapp iwwer 400 Ënnerschrëfte gesammelt. Weiterlesen »

Ettelbréck: Biergerbedeelegung ouni Wäert

Nieft enger gudder Informatiounspolitik ass eng eescht gemengte Biergerbedeelegung – virun allem op kommunalem Niveau – ee wichtege Pilier am Kampf géint Politikverdrossenheet an domadder och géint de Populismus. Zu Ettelbréck goufen et déi lescht Joren eng ganz Rei vu Méiglechkeete fir d‘Awunner*innen sech anzebréngen, wat absolut ze begréissen ass, just hapert et ëmmer erëm un der Ëmsetzung, esouwéi dem Eeschthuele vun esou Projeten.
Weiterlesen »

Ettelbréck brauch… ee Wiessel!

Am Fong hätt ech enorm vill zur Zukunft vun Ettelbréck ze soen an eigentlech hat ech jo och Wëlles all déi Saachen am Walkampf mat menger eegener Lëscht a mengem eegene Programm ze presentéieren, mä vue datt dat leider net geklappt huet (d‘Grënn verzielen ech Dir eng aner Kéier) muss ech mech elo hei op e puer Punkte konzentréieren. Ech géing mech immens doriwwer freeën, wanns Du Dir iwwer dës 3 Saache géings Gedanke maache bevirs Du Däi Choix fir d‘Gemengewalen trëffs. Weiterlesen »

Ettelbréck: Wëll da kee meng Stëmm?

Den Dag wou ech dëse Blogpost schreiwen ass de Sonnden, den 10. September. Den 8. Oktober, also a manner ewéi engem Mount sinn d‘Gemengewalen. Een Dag no offiziellem Walkampfoptakt huet schonn all Partei zu Ettelbréck Plakater opgestallt oder opgepecht an d‘Kandidéierendelëschten si schonn deelweis am Mee verëffentlecht ginn. Mä nach keng Partei déi zu Ettelbréck an d‘Course geet huet bis elo hire Walprogramm verëffentlecht. Weiterlesen »

Nom neien Uerteel géint VDS: Chance fir eng besser Sécherheetspolitik!

Kuerz viru Chrëschtdag koum alt nees eng wonnerbar Noriicht vum Kierchbierg. Den EuGH huet sech nämlech fir d’Zweet méi wéi kloer géint de Prinzip vun der Vorratsdatespäicherung ausgeschwat. Ee Prinzip, wat bedeit huet, datt vu jidderengem pauschal an ouni Grond perséinlech Donnéeën iwwer eng gewëssen Zäit gespäichert gi – an dësem konkrete Fall vun eiser Kommunikatioun. Weiterlesen »