Hallo, ech sinn de Claude Feltgen, genannt Klotiii, vun Ettelbréck.
Ech sinn ee politesch interesséierten an engagéierte Mënsch, war tëschend 2010 an 2017 Member an der Piratepartei. Wisou ech ausgetruede sinn, kanns Du an dësem Post noliesen. Säit Ufank 2018 sinn ech aktiv bei déi gréng, a säit Mäerz 2019 Member an hirem Comité exécutif.
Dëse Blog ass fir mech eng Méiglechkeet meng Gedanken iwwer verschidde Saache besser ze uerdnen ewéi op Twitter.

Dir kënnt mer gären op Twitter followen oder awer d‘Facebook-Page vum Blog liken fir iwwer nei Blogposts informéiert ze bleiwen.