Chatkontroll an der Chamber: The Good, the Bad, the Ugly

Déi lescht Woch war déi kontrovers Propose vun der EU-Kommissioun an der Chamber, déi ë.a. zum Zil huet besser/méi strikt mat Material vu Kannermëssbrauch am Internet ëmzegoen. D‘Chamber war sech dobäi zimmlech eens wéi een zu dëser Iddi steet, bis se et net méi war.

The Good

D‘Fraktiounen an d‘Regierung sinn alleguerte géint d‘Propose déi zur Folge kéint hunn, datt duerno jidderengem seng Online-Kommunikatioun iwwerwaacht gëtt. Jo, jiddereen an dat ass absolut positiv ze bewäerten. Souguer d‘CSV huet sech – obwuel se ufanks eng immens pro-Chatkontroll formuléierte parlamentaresch Fro gestallt hat – zimmlech däitlech positionéiert, hei huet sech da wuel den „Dateschutz!“-Fligel duerchgesat, oder wéi ech e léiwer nennen den „Wéi kënne mer déi Gréng am Beschten an eng beschasse Positioun bréngen?“-Fligel (a.k.a. de Laurent Mosar).

The Bad

Et ass mengen ech längst ee schlechte Running Gag, an trotzdeem gëtt sech wéi de Geck um Bengel dorunner festgehalen. Ech schwätzen natierlech dovunner, wéi an der Chamber iwwer Motiounen diskutéiert a gestëmmt gëtt.

Wéi gesot war ee sech zwar an der eigentlecher Debatt komplett eens, bei de Motiounen (obwuel do dat selwecht drastoung) bemol awer net méi. Et wier ee fantastescht Zeeche gewiescht, wann d‘Chamber eestëmmeg eng Motioun gestëmmt hätt, déi sech géint „d‘Chatkontroll“ ausgeschwat hätt, mä aus Grënn (ech komme weider ënnen drop ze schwätzen) huet een dat dann net gemaach. Zwar huet d‘Chamber eng zweet Motioun gestëmmt, déi ech perséinlech ëmmer nach als gutt bezeechnen, mä ech géing ëmmer eng méi kloer Sprooch preferéieren. (Déi zoustänneg Ministesch Sam Tanson huet awer déi kloer Sprooch benotzt.)

The Ugly

Et ass näischt Neies, et sollt och u sech keen iwwerraschen, mä dat technescht Grondverständnis ass einfach enorm niddreg an der Chamber. D‘Debatt iwwer d‘Chatkontroll war jo u sech schonn déi Zweeten iwwer d‘Verschlëssele vun Noriichten an de leschten 2 Joer, an et ass déi zweete Kéier wou een aus där enger oder anerer Interventioun raushéiert, datt een awer gären déi verschlësselte kriminell Kommunikatioun iwwerwaache géing, awer op kee Fall déi vu jidderengem. Bei der DP seet een dat zimmlech oppen, bei deene Gréngen ass et méi flou, well et seet ee fir d‘éischt dat absolut Richtegt fir dann 3 Minutte méi spéit awer an eng änlech Fal ze lafen. Sou huet ee sech bspw. géint déi genannte Motioun ausgeschwat, well een net ausschléisse wollt, datt ee jo net awer ee gewëssene Screening vun Noriichte kéint oder wéilt maachen.

Et kann een d‘Verschlësselung net „e bëssen“ aushiewen. Entweder ass een Chatservice fir jiddereen sécher a verschlësselt, oder et gëtt fir jiddereen eng onsécher Hannerdier. Verstitt dat wgl. endlech.

Wisou genau war d‘Debatt dann awer een Erfolleg, wann d‘Aussoen net ganz sou kloer sinn wéi ee sech dat wënsche géing? Naja, et huet ee sech géint déi heite Propose kloer positionéiert. Do ass et elo politesch gesinn schwéier fir d‘Meenung dann awer nach ze änneren. Gläichzäiteg, an dat ass fir mech déi grouss Léier, weisen eis déi netzpolitesch Debatten an der Chamber, datt een och weiderhin den Asaz vu Leit an Organisatiounen dringend brauch, déi sech fir digital Grondrechter asetzen.