#Chatkontrolle: Wourëms geet et? Wat leeft zu Lëtzebuerg?

Ee Mëttwoch gëtt zu Bréissel eng nei europäesch Veruerdnung géint sougenannten „child sexual abuse material“, kuerz CSAM, virgestallt. Do halen awer och schonn déi op den éischte Bléck positiv Noriichten op. Déi nei Veruerdnung wäert nämlech dorobber erauslafen, datt eis gesamt Online-Kommunikatioun an Zukunft iwwerwaacht gëtt.Dir kënnt iech vläicht nach un déi rezent europäesch Diskussioun iwwer méiglech Hannerdieren bei verschlësselter Online-Kommunikatioun am Kampf géint den Terrorismus erënneren. Dat „Gutt“ un där an änlechen Diskussiounen an der Vergaangenheet ass, datt et bis elo ëmmer just bei den Diskussioune bliwwen ass. Op eng gewëssen Aart a Weis ännert sech dat elo.

D‘Kommissärin fir Home Affairs, d‘Ylva Johansson presentéiert muer nämlech eng Veruerdnung, déi et a sech huet. An Zukunft sollen all d‘Ubidder vun Chatapplikatiounen dozou verflicht gi proaktiv no scho bekanntem an neiem Material vu Kannermëssbrauch an hirem Service ze sichen. Laut verschiddene Leaks am Viraus vun der Presentatioun kann et esouguer sinn, datt d‘Ubidder dozou verflicht solle ginn Cyber-Grooming, also déi gezielte Kontaktopnam vun Erwuessenen u Mannerjäreger, ze detektéieren. Konkret bedeit dat, datt an Zukunft all d‘Inhalter, also Norichten a Biller, an deelweis souguer de Kontext vun eiser Online-Kommunikatioun dauerhaft mussen iwwerwaacht a kontrolléiert ginn. Dohir och den Terme „Chatkontrolle“. Onnéideg ze soen, datt esou eng Mesure just mat (oft feelerhafte) Filteren, Algorithmen oder wéi der et wëllt nennen ëmgesat ka ginn.

„Wenn es um die Gewichtung zwischen Datenschutz und Kinderschutz geht, dann fällt die Gewichtung eher zugunsten des Kinderschutzes aus.“ Irgendwo höre der Spaß auf.

Charel Schmit, lëtzebuergeschen Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher op enger Table Ronde dat lescht Joer

Wien eng méi holistesch Explikatioun mat techneschen Detailer zu de Pläng wëll hunn, deem kann ech aktuell dësen Talk op Däitsch empfeelen. Analyse vun der ganzer Propose ginn et mat Sécherheet an den nächsten Deeg bei netzpolitik.org, La Quadrature du Net an aneren netzpoliteschen Organisatiounen.

Wéi steet Lëtzebuerg zu de Pläng?

Vue datt d‘Pläng muer réischt virgestallt ginn huet een nach näischt vun der lëtzebuergescher Regierung dozou héieren. Zoustänneg an der Regierung fir dësen Dossier wäert awer mat ganz grousser Warscheinlechkeet déi gréng Justizministesch Sam Tanson sinn.

Interessant am lëtzebuergesche Kontext ass awer, datt am November vum leschte Joer eng Table Ronde iwwer de sexuelle Mëssbrauch vu Kanner am Internet war, dat ënner anerem mam Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit. Hien gouf vum Tageblatt esou zitéiert/paraphraséiert: „Für Charel Schmit, Ombudsmann für Kinder und Jugendliche, ist es wichtig, dass Internetanbieter proaktiv Werkzeuge einbauen, um die Verteilung von CSAM-Material zu verhindern. (…) „Wenn es um die Gewichtung zwischen Datenschutz und Kinderschutz geht, dann fällt die Gewichtung eher zugunsten des Kinderschutzes aus.“ Irgendwo höre der Spaß auf.

Dat héiert sech fir mech enorm no dem un, wat d‘EU-Kommissioun elo wëll maachen.

Fir mech ass dowéinst och kloer, datt wa mer wëlle sécherstellen, datt déi lëtzebuergesch Regierung, souwéi eis Vertrieder*innen am Europaparlament sech géint dës krass Iwwerwaachungsmesure asetzen, mir dat vun haut un och haart afuerdere mussen.

Update vum 13/05:
Ech hat ee Reporter.lu-Artikel zum Thema Kannermëssbrauchsmaterial och aus dem November vum leschte Joer verdrängt. Hei gouf de Charel Schmit explizit no enger pro-aktiver Recherche gefrot, wouzou hien folgendes sot: „Wir brauchen eine andere gesetzliche Grundlage, um eine pro-aktive und reaktive Bekämpfung von CSAM möglich zu machen. Aus kinderrechtlicher Perspektive dürfen technische Möglichkeiten nicht dem Datenschutz geopfert werden.“