Ech si rosen op mech…

Ech mengen ech hunn déi gréng ee Samschden ee Bärendéngscht geleescht, andeems ech um Kongress just do souz an näischt gesot hunn. De Witz ass jo souguer, datt ech mer en Text virbereet hat. Iwwer déi gréng schreiwen ech duerno nach ee separaten Text, an deem heite geet et awer elo mol just ëm mech. Wien sech net fir meng Gefillswelt interesséiert, dee brauch dann hei och net virun ze liesen.

Ech si genervt vu mir. Ech hunn nämlech keng gutt Excuse, wisou ech meng méi fundamental Kritik net um Kongress virgedro hunn. Déi Beschten ass vläicht nach, datt ech heiansdo einfach ee Fäertaasch sinn. Dat nervt mech, well ech eigentlech der Iwwerzeegung war, datt ech deen Deel vu mir, op d‘mannst wat mäi politeschen Ech ugeet, hannert mir gelooss hätt. Mä viru wat soll ech dann Angscht gehat hunn? Bah, gréisstendeels virun der direkter Reaktioun am Sall, anerersäits awer och e bësse virun der eegener Courage a wat esou eng Interventioun eventuell mëttelfristeg fir mech bedeite kéint.

Ech si lo säit 2018 bei deene Gréngen, a wann et eppes gëtt mat deem ech vun Ufank u struggelen, da sinn et d‘Kongresser. Mir kommen se nach ëmmer méi sou vir als wieren et éischter grouss Familljefester, wéi ee (partei)politescht Event. Jo, et gi politesch Rieden, dat war et awer och schonn. Ech hu bis haut bspw. nach net eng kritesch Stëmm um Mikro héieren. De Géigendeel ass souguer de Fall, et gëtt bei all Geleeënheet esou gutt a vill geklappt wéi et méiglech ass. Ech ka falsch leien mat där Vue ob eis Kongresser, en Samschden huet mech dat awer ageschüchtert.

Wien wëll scho Partycrasher um éischte gemeinsame Fest säit ganz laangem spillen? A wéi reagéieren d‘Leit do drobber? Kriss du däi Punkt an den 2-3 Minutten déi s de hues iwwerhaapt uerdentlech eriwwer? A souguer wann, ginn deng Wierder dir vläicht net awer an der direkter Äntwert duerno am Mond verdréint? Du méchs dech just nees onbeléift, an dës Kéier op engem ganz aneren Niveau ewéi bis elo mat denge läppeschen Tweets, déi jo dann awer just an enger klenger Bubble bleiwen, oder mat denge méi oder manner reegelméissege kriteschen interne Mails.

Do hunn ech mir dann d‘Wuert eben net gefrot. Ech war dee Moment e bëssen a menge Gedanke gefaangen, a sinn dat eigentlech säit ee Samschden. Dat fillt sech alles net gutt un.

Soit. De Kongress ass eriwwer. Ech kann dorunner näischt méi änneren. Mussen elo engersäits kucken, wéi ech (an/oder anerer) déi nächste Kéier um Kongress net nees zum Fäertaasch mutéieren. Anerersäits musse mer awer och opschaffen a kloer benennen, wat déi lescht Deeg bei déi gréng schif gelaf ass, a wat schonn eng ganz Zäitche schif leeft. Ech kucke fir mäin Deel an den nächsten Deeg dozou bäizedroen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.