„Fir d’Ukrain den Auto stoe loossen” an aner Méiglechkeete Bensin ze spueren

Dem Putin säi Krich géint d‘Ukrain ass nach keng 2 Wochen al a mir spieren éischt Folgen dovunner och schonn zu Lëtzebuerg, dat virun allem op der Tankstell. Ee Samschden sinn d‘Präisser op der Pompel deelweis ëm direkt 18 Cent de Liter geklomm. D‘Energiepräisser allgemeng wäerten an nächster Zäit nëmmen eng Richtung kennen, an zwar no uewen. Mir hunn also hei zu Lëtzebuerg (an a ganz Europa) zwee grouss Defien, éischtens mir mussen de Leit hëllefe mat der fossiller Präisexplosioun eens ze ginn, zweetens musse mer eis Ofhängegkeete vu (russeschem) Ueleg a Gas esou séier wéi méiglech limitéieren an eliminéieren.
Wärend een net vun haut op muer all Mazout- a Gasheizung mat méi nohaltege Modeller ersetzen oder vun de Leit verlaange kann am Kalen ze sëtzen, sou ginn et awer grad am Transportberäich haut genuch gutt Alternativen zum Auto, an dat onofhängeg vun engem mat Elektromoto. Dem Staat seng Reaktioun op déi klammend Bensin- an Dieselpräisser dierf sech also net just op d‘Subventionnéiere vun dësen oder nach méi héije Subside fir de Kaf vun Elektroautoe limitéieren.

Wat mir elo brauchen ass eng breet Band u Mesuren, déi de Leit hëllefe Bensin – an domadder Geld – ze spueren, wéi och nohalteg Alternativen, also de Bus, den Zuch, de Vëlo an d‘Zefoussgoe massiv ze promouvéieren.

Hei sinn e puer Iddien dozou vu mir:

Tempolimitatiounen erofsetzen
De Verbrauch vun Autoe klëmmt mat der Vitesse, an zwar däitlech. Et wier also net domm fir d‘Vitesselimitatiounen iwwerall erofzesetzen. Op der Autobunn nach 100km/h an op Landstroossen just nach 60 oder 70km/h. Fir mech wier dat hei d‘Equivalenz zur Mask an der Pandemie. Et hëlleft, a gläichzäiteg deet et net wéi, et stéiert net wierklech an ech kann awer nach ëmmer iwwerall wéi gewinnt hin. (Ob een allgemengt Tempo 30 an den Uertschaften hëlleft Sprit ze spueren hängt vu Fall zu Fall of, esou eng Limitatioun géing awer d’Sécherheet vu Foussgänger*innen a Vëlosfuerer*innen däitlech erhéichen an domadder schlussendlech och hëllefen.)

Autofräi Deeg
Nach méi Bensin an Diesel spuert ee wann een den Auto ganz stoe léisst. De Staat (oder d‘Gemenge) kënnen dofir eng ganz Rei un Deeg festleeën, wou ee keen Auto fueren dierf. Dat sollt menger Usiicht no net just op deenen Deeg de Fall sinn, wou eh manner Leit ënnerwee sinn, also Sonndes oder a Schoulvakanzen, mä ebe grad och op normale Schaffdeeg. Esou Deeg brauche genuch Virlaf fir datt d‘Leit sech drop preparéiere kënnen a genuch Encadrement fir datt d‘Leit ëmmer nach vun A op B kommen. Et missten op esou Deeg also däitlech méi Busser a waméiglech Zich fueren ewéi normal. Dat muss dowéinst och net am ganze Land gläichzäiteg sinn, mä wärend enger Woch all Dag e puer Kantoner autofräi, kléngt eigentlech guer net esou schlecht.

Lycéeë méi spéit ufänke loossen
Een allgemenge Mobilitéitsproblem zu Lëtzebuerg ass, datt esouwuel d‘Schoulen ewéi och déi meescht Aarbechtsplazen um 8 Auer ufänken. Dat féiert dozou, datt quasi jiddereen zur gläicher Zäit ënnerwee ass, a sech esou géigesäiteg d‘Plaz am Zuch am Bus an op der Strooss sträiteg mécht. Wann een op d‘mannst d‘Lycéeën am Land bspw. eng Stonn méi spéit géing ufänke loossen, da kéint een op der enger Säit scho mol direkt vill Staue vermeiden, mä gläichzäiteg sinn dann och fir 8 Auer esou vill Plazen am Bus an Zuch fräi, déi da vu Leit, déi op d‘Aarbecht musse besat kënne ginn. Iwwregens kéim ee méi spéide Schoulufank och de Jugendlechen entgéint, Biorhythmus an esou.
Dat heiten ass awer natierlech keng Mesure, déi ee muer kann direkt ëmsetzen. Wann een dat heiten awer fir déi nächst Rentrée wëll envisagéieren, da muss een ELO ufänke mat alle Concernéierten an een Dialog ze trieden.

Homeoffice
Déi villäicht einfachste Moossnam fir den Auto stoen ze loossen ass wann een net all Dag op d‘Aarbechtsplaz muss. Et huet wärend der Pandemie funktionéiert (déi iwwregens ëmmer nach am gaangen ass), mir si mëttlerweil doranner trainéiert online ze schaffen, wisou soll et also net elo och wärend dëser Kris funktionéiere kënnen?

Méi wéi 1 Persoun am Auto fir an d‘Stad wärend de Spëtzestonnen
Ee Grond firwat esou vill Autoen all Dag an d‘Stad tuckeren an dann am Beruffsverkéier am Stau stinn ass, datt a ganz ville just 1 Persoun sëtzt. 2017 sutzen zu Lëtzebuerg pro Trajet op d‘Aarbecht nämlech just 1,2 Persounen am Auto. Wa méi Leit zesummen am Auto sëtzen, dann spuert ee vill Geld a fossille Kraaftstoff. Et muss ee sech also iwwerleeën wéi een d‘Leit dozou forcéiere kann, net méi all Dag alleng an d‘Stad ze fueren. Méi oder manner systematesch Kontrolle vun der Police ronderëm d‘Stad zu de Spëtzenzäiten? Speziell Stroosse just fir méi voll Autoe virgesinn?

Popup-Vëlosweeër
Nieft all den Iddien fir d‘Leit zu engem méi spuersamen an effizienten Ëmgank mat hirem Auto ze beweegen, muss een awer och d‘Alternative stäerken. Eng vun de beschten Alternativen, wann net esouguer déi bescht am urbane Raum ass dobäi de Vëlo. Hei feelt et awer all ze oft u sécheren Infrastrukturen, sou datt sech vill Leit net traue mam Vëlo ze fueren, obwuel se wéilten. Fir deem entgéint ze wierken muss een d‘Stroossen net opwänneg nei amenagéieren, wéi vill Stied am Ausland mat de sougenannte Popup-Vëlosweeër am Ufank vun der Covid-Kris gewisen hunn. Et géing vläicht Zäit ginn, datt d‘Gemengen zu Lëtzebuerg hei endlech nozéien.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.