Léif Vulnerabel, maacht iech bemierkbar!

De groussen Ënnerscheed tëscht de Schwurbler an dem Ëmfeld vu Vulnerabelen ass, datt d‘Schwurbler immens gutt vernetzt an immens haart sinn. Wéi oft hunn ech elo gelies, datt verschidde sanitär Moossnamen net ëmgesat goufen, well déi di domadder net averstane waren sech massiv bei de Responsabelen an Decideuren opgereegt an Drock erzeegt hunn.

Mir Vulnerabel, an all déi di mat eis a Solidaritéit stinn, musse versichen deen Narrativ elo ze kippen. Mir mussen eis bemierkbar maachen, wa mer verhënnere wëllen, datt déi 4. Well elo nees komplett aus dem Rudder leeft.

Wéi kann ee sech bemierkbar maachen?
Mënschen aus Risikogruppe wëlle sech esou gutt et geet virum Virus schützen. Et wier also illusoresch ze menge mir kéinten Demonstratiounen organiséieren an esou ee Géigegewiicht zur „Marche Blanche“ an Aneren hierstellen. Dat musse mer awer och guer net. Mir hu schliisslech eist Liewen aus deem mir ziele kënnen.
Wéi ass eise gesondheetlechen Zoustand? Wat hu mer déi lescht zwee Joer schonn alles matgemaach? Op wat hu mer missen an op wat verzichte mer elo, well mer eis net sécher spieren? Wéi fille mer eis, wa mer d‘Marche Blanche gesinn? Wéi fille mer eis mam Fakt, datt d‘Haaptobjektiv vun der Politik offenbar net méi ass eis sou gutt et geet ze schützen, mä déi puer Egoisten net ze vill ze nerven? Wéi laang kënne mir déi ganz Situatioun nach matmaachen? Wat erwaarde mir elo konkret vun der Politik, a vun eise Matmënschen?

Well ech bei deene Gréngen aktiv sinn, hunn ech ee Sonnden mol einfach ee méi laange Mail u meng Co-Présidence geschriwwen an hu vu menger Situatioun e bësse gezielt. Ech hu bspw. gesot, datt ech nei Kontaktbeschränkungen erwaarde géing fir déi 4. Well ze briechen an datt ech mer wënschen, datt déi 6 Méint Ofstand tëscht 2. an 3. Impfung méi flexibel gekuckt gi fir datt déi Vulnerabel, déi hir Rappelimpfung elo brauchen och sou séier wéi méiglech kréien.
Mir sinn eis bestëmmt net all am Detail eenz, wat gemaach muss ginn, mä mir sinn eis hoffentlech eenz doranner, datt et och keng Léisung ka sinn d’Situatioun einfach lafen ze loossen bis et nees ze spéit ass.

Ech géing mech immens driwwer freeën, wann dir äre Kontakter aus Politik a Medien schreift. En Text op Facebook a co. ass genau sou gär gesinn.

Et gëtt Zäit, datt d‘Besoinen an d‘Geschichte vun de Vulnerabele nees am Mëttelpunkt stinn, an net méi déi vun den Impfverweigerer, den Egoisten an de Marche Blanche-Demonstranten!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.