Aus der Pandemie léieren. Elo!

D’Pandemie ass nach laang net eriwwer. Och da wa mir zu Lëtzebuerg an Europa duerch d‘Impfe bis spéitstens nom Summer Herdenimmunitéit erreecht sollten hunn, wäert eis de Coronavirus nach laang beschäftegen. Sou laang de Virus net op der ganzer Welt ënner Kontroll ass, kënnen ëmmer erëm nei Varianten entstoen déi géint eisen Impfstoff resistent sinn a sech och nees an eise Regioune verbreeden. Dat ass eng Realitéit, déi mir als Gesellschaft, awer virun allem och eis Politiker*innen akzeptéiere mussen. Grad dowéinst ass et awer och ëmsou méi wichteg, datt mer esou séier et geet domadder ufänke Léieren aus der Pandemie ze zéien, net réischt da wann d‘Pandemie laanscht ass, mä elo!

Befir ech duerch meng Lëscht vu Punkte gi bei deenen ech mengen, datt mer draus léiere kënnen, sollen a mussen, ass mir eng iwwergeuerdent Remarque ganz wichteg. Lauschtert op d‘Wësseschaft, lauschtert op d‘Spezialist*innen, och a grad da wa si Saache soen, déi een net gär héiert. Dat allerallermeescht vun deem wat säit Ufank vun der Pandemie geschitt ass, gouf vu ville vun hinnen esou virausgesot. Net alles dovunner hätt kënne verhënnert ginn, mä et hätt ee ville Leit vill Leed kënnen erspueren, wann d‘Regierung(en) adequat dorobber reagéiert hätten.

Summer verschlof

Mäin éischte Punkt ass d‘Zäit tëscht der éischter an der zweeter Well, de Summer ´20 quasi. Scho wärend där Phase hat ech net d‘Gefill, datt sech uerdentlech op déi kommend Méint virbereet gouf. Ech hunn dee Moment nämlech d‘Kommunikatioun zum Virus vermësst. Zu Lëtzebuerg ware mer scho vill méi an der Iwwerleeung vun der ekonomescher Relance dran, bal wéi wann ee gemengt hätt, datt dat Schwéierst iwwerstane wier. Dat gëllt iwwregens net just fir Lëtzebuerg, mä gefillt fir ganz Europa. Ech hunn 3 konkret Beispiller wourunner ech dat Gefill festmaache kann.

Do ass fir d‘éischt d‘Approche un dat neit Schouljoer. An zwar war ee méi oder manner normaalt Schouljoer geplangt. Ofgesi vun de sanitäre Moossnamen an de Schoulgebaier selwer, war alles ewéi ëmmer. Et sollten normal Trimestere sinn, un den Horairen, um Programm, etc. gouf näischt essentiell geännert. Dobäi huet ee misse wëssen, datt am Hierscht, am Wanter d‘Infektiounszuelen nees an d‘Luucht géinge goen, a sech och nees d‘Fro stelle géing, ob een d‘Schoulen net awer nees fir eng Zäit zouloosse muss. Wisou gouf et déi Anticipatioun net? A wann et se gouf, wisou gouf se net esou kommunizéiert?
Ech perséinlech hätt mer op d‘mannst gewënscht, datt de Schoultransport, also do wou d‘Schüler*inne wuel den héchste Risiko hu sech géigesäiteg unzestiechen, doduercher entlaascht gi wier, datt verschidde Schoulen zu verschiddenen Zäiten ufänken.

En zweet Beispill ass fir mech d‘Diskussioun ronderëm eng Tracing-App. Lo muss ech zouginn, datt ech virun allem am Ufank vun der Pandemie enorm retizent géigeniwwer vun esou eppes war, ech awer deelweis och am Dagestakt meng Meenung dozou op d‘Kopp geheit hunn, dat virun allem wéinst den ufänglechen technesche Proposen an de Froe ronderëm de Schutz vun der Privatsphär. Mat der Zäit, a virun allem mat der däitscher Coronawarnapp, huet sech awer gewissen, datt esou eng App net just d‘Privatsphär schütze kann, mä och funktionéiere kann a vun der Bevëlkerung ugeholl gëtt.
Wisou gouf dann, nodeems een dat an Däitschland gesinn huet, ëmmer nach gesot, datt een esou eppes net wëll „aus Dateschutzgrënn“? Wisou hu mir zu Lëtzebuerg ëmmer nach keng, obwuel déi verschidden national Apps mëttlerweil matenaner kompatibel sinn? Virun allem wa mer bedenken, datt eise manuellen Tracing méi wéi eng Kéier komplett iwwerfuerdert war. De Summer 2020 hätt een notze kënne fir engersäits d‘App an alles wat dorunner hänkt virzebereeden, wéi och eng uerdentlech Kommunikatioun zesummesetze fir d‘Leit vun dëser App ze iwwerzeegen. Wisou gouf dat net gemaach?

Den drëtte Punkt, an dee geet eigentlech an déi zwee bis elo genannten Hand an Hand ass d‘Fro no enger klorer Strategie, engem Plang, engem Zil vum Ensembel vun de Moossnamen. D‘Zil ass dat eenzegt wat zumindest am Ufank genannt gouf, nämlech ze verhënneren, datt de Gesondheetssystem zesummebrécht. Ouni Plang, spréch wéini komme wéi eng Moossnamen, ouni Strategie, wéi ech d‘Bevëlkerung vun deem Plang iwwerzeegen, se mathuelen, se responsabiliséieren ouni de Leit d‘Gefill ze ginn alleng do ze stoen, ass esou een, fir vill Leit awer diffuust Zil leider net vill Wäert. Mir gesinn dat jo elo, wou mer als grouss Deeler vun der Bevëlkerung d‘Moossname midd ginn, awer och d‘Politik et sech ëmmer méi schwéier domadder deet ëmmer just Restriktiounen „à vue“ ze decidéieren. D’Resultat dovunner ass, datt et elo Labberunge solle ginn, obwuel d‘Zuelen an d‘Situatioun et u sech net zouloossen, a gefillt keen huet ee Problem domadder. Wisou gouf sech also net am Summer esou eng ëmfaassend Strategie ginn? A wann et se awer sollt ginn, wisou gouf se dann net uerdentlech a serieux kommunizéiert?
Réckwierkend muss ee sech awer och froen, ob d‘Zil dat richtegt war an ass. Sech virun allem dorunner ze orientéieren, ob nach e puer Better an den Intensivstatioune fräi sinn ass enorm geféierlech. Net nëmme bedeit dat, datt een et absolut akzeptéiert, datt eng net kleng Zuel u Mënschen um Virus stierft, mä och datt een dauernd riskéiert, datt d‘Zil net agehale ka ginn. Ech wëll mir net ausdenken, wat am Hierscht geschitt wier, wa sech do schonn um Héichpunkt vun den Infektiounszuelen, déi méi geféierlech a méi séier verbreedend brittesch Variant ufänkt duerchzesetzen.

Et geet net ouni d‘Groussregioun!

D‘Pandemie sollt elo och dem Leschten ze erkenne ginn hunn, datt mir zu Lëtzebuerg net ouni eis direkt Nopere kënne funktionéieren, sief et well ee Groussdeel vum medezinesche Personal vun hannert der Grenz kënnt, si am Zweiwel d‘Grenze kënnen zoumaachen oder mir eis mat ënnerschiddleche Mesurë géigesäiteg op de Féiss stinn. Et gëtt Zäit, datt déi Realitéit sech och an eiser Politik erëmspigelt. Wisou goufen et säit Ufank vun der Pandemie keng „Groussregioun-Gipfelen“ mat de responsabele Politiker*innen? Wisou sinn d‘Mesuren null ofgeschwat a wéi kënne mer dat änneren?

Verflichtenden Homeoffice?!

Zu de Mesurë selwer ass fir mech déi gréisste Fro, wisou et virun allem d‘Privatliewe vun de Leit ass, dat muss leiden. Mir dierfen eis net méi mat Kolleegen, der Famill treffen, sief et doheem oder dobaussen. Kulturell Offerte waren eng ganz Zäit zou, an owes dierf een iwwerhaapt net méi virun d‘Dier. Gläichzäiteg soll een awer mat X anere Leit um Büro sinn, a wa méiglech mam ëffentlechen Transport dohinner fueren. Wisou gouf d‘Doheemschaffen, fir déi wou et méiglech ass, ni gesetzlech virgeschriwwen? D‘Zil vun de gesetzleche Mesuren ass et d‘Zuel vun de Kontakter ze beschränken, wisou gouf dann hei ëmmer just dozou geroden?

Isolatioun an Hoteller

Ee Groussdeel vun den Neiinfektioune geschitt am private Beräich, an de Famillen. Dat ass logesch op zwou Manéieren. Engersäits si mer déi meeschten Zäit bei der Famill, et wunnt ee jo zesummen, an op der anerer Säit ass et och normal, datt dat déi Infektiounskette sinn, déi opgedeckt ginn, vue datt ech jo weess, mat wiem ech zesummewunnen. Mir wëssen dat alles. Mir wëssen och, datt vill Famillen net d‘Plaz an hire Wunnengen hunn fir eng infizéiert Persoun och richteg ze isoléieren, spréch déi huet ee Raum an am Beschten och nach ee Buedzëmmer fir sech alleng.
Fir dee Problem unzegoen huet an Däitschland beispillsweis de Marburger Bund, d‘Dokteschgewerkschaft, proposéiert fir d‘Hoteller a Pensioune matanzebezéien. D‘Leit sollen do hir Isolatioun verbréngen. Wier dat net eng méiglech Léisung zu Lëtzebuerg? Gouf dat hei iwwerhaapt scho mol diskutéiert?

Patenter um Impfstoff

Mir mengen zu Lëtzebuerg an Europa ee Mangel un Impfstoff ze hunn, an awer si mer eng vun deene Regiounen op der Welt, déi am meeschten Impfstoff zur Verfügung huet. Dat ass kee Widdersproch, et weist just, datt weltwäit ze wéineg produzéiert gëtt. Wéi kann een dat änneren? Virun allem wa mer wëssen, datt „Kee geschützt ass, bis mer all geschützt sinn“. Dat ass ee Saz, deen ee relativ oft héiert, an déi nächst Zäit nach méi oft héiere wäert, mä wierklech eppes dofir ënnerholl gëtt net. Am Géigendeel. D‘Europäesch Unioun, also och Lëtzebuerg, an d‘USA verhënneren aktiv, datt op der ganzer Welt méi produzéiert gëtt, andeems een de Patentschutz op d‘Impfstoffer net ophiewe wëll. Wisou net? Fir datt e puer Pharmafirmen d‘Geschäft vum Joerdausend maache kënnen? Vergiesst net, déi Impfstoffer ginn et just elo schonn, well enorm vill Geld vun de Staaten un déi Entreprise gaangen ass fir d‘Fuerschen. Wisou also net? Et géing eis nawell ganz gutt zu Gesiicht stoen, wa mer eis fir een Ophiewe vum Patentschutz bei Impfstoffer asetze géingen, op d‘mannst a Pandemiezäiten.

Et ginn nach op d‘mannst 100 aner Saachen, aus deene mer no 1 Joer Pandemie léieren kënnen, och a virun allem wann et ëm eis Demokratie geet. Dat heiten sinn elo fir mech perséinlech déi gréissten, respektiv dréngendste Punkten a Froen aus deene mer op d’mannst versiche sollten ze léieren. D‘Léieren, déi mer heirauser zéie sinn och vläicht net ëmmer déi, op déi ech lo erauszilen. Se sinn och mat Sécherheet net ëmmer esou Schwaarz a Wäiss, warscheinlech och mol net d‘Fro no de Patenter. Ech weess dat net, mä genau dofir hu mir jo d’Wësseschaft!

Wichteg ass et, datt d‘Politik sech och ëffentlech mat dësen an anere Punkten ausenanersetzt a sech dobäi net ze schued ass fir zu eventuelle Feeler ze stoen, amplaz d‘Verantwortung ëmmer just vu sech fort ze drécken. D‘Pandemie dauert nach laang, loosst eis also clever an net mat engem stuere Geescht dergéint virgoen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.