3 Joer déi gréng: Ee Versuch vun engem Tëschefazit

Wéi ech am Summer 2017 bei de Piraten ausgetruede sinn, hat ech am Fong Wëlles bis no de Chamberwalen dat Joer drop ze waarden bis ech nees enger Partei bäitrieden. Wéi ech et dunn awer e bësse mat der Angscht ze di krut hunn, datt déi gréng vläicht awer eng Koalitioun mat der CSV agoe kéinten, hunn ech meng Decisioun no vir verluecht. A mengem Hannerkapp hat ech mech nämlech scho fir déi gréng decidéiert, wier awer wuel net dozou bereet gewiescht hinnen an esou enger Konstellatioun bäizetrieden. Lo 3 Joer méi spéit sinn ech absolut zefridde mat mengem Choix, et ginn awer e puer Saachen, déi mech reegelméisseg nerven.

Loosst eis awer mol vir ufänken. Bei de Pirate sinn ech ausgetruede, well eng toxesch Atmosphär geherrscht huet. Et huet einfach kee Spaass méi gemaach iergendeppes fir dee Veräin ze maachen. Eleng den tëschemënschleche Volet ass do am Verglach elo bei deene Grénge wéi Dag an Nuecht.
Et mierkt een op alle Fall, datt hei – an dat mengen ech elo explizitt net wäertend – net virun allem „Kellerkanner“ zesummen eppes erreeche wëllen. D‘Leit sinn all super fein, hunn een oppent Ouer fir dech an deng Problemer a Remarquen, an Empathie ass bei gefillt kengem ee Friemwuert. Esouguer de François Bausch ass ee ganz Sympatheschen, eppes wat een jo éischter net mengt, wann een hien just aus de Medie kennt. War op d‘mannst mol sou bei mir… 😛

An deem Sënn muss ech einfach festhalen, datt Saachen, déi ech virdrun iwwer déi gréng héieren hat, wéi datt dat eng immens Top-Down-Partei wier, null Selbstkritik do wier, ee keng aner Meenungen ewéi déi offiziell zouloosse géing, dat ass einfach Quatsch.

Lo ass den Haaptgrond wisou ee sech an enger Partei engagéiert sécherlech net dat Tëschemënschlecht, mä dat Inhaltlecht, wat een ëmsetze kann oder eben net.

Op lokalem Niveau, hei si mer an der ganzer Nordstad an der Oppositioun, funktionéiert dat ouni gréisser Problemer. Meng Impulser ginn ugeholl, ech kann eege Motiounen a Froe fir de Gemengerot virschloen, ech kréien all déi Informatiounen, déi een dofir och brauch an ech ka Verantwortung iwwerhuelen. Sou geschitt mat der Regionalsektioun Nordstad, déi ë.a. op mäin Drängen hin gegrënnt gouf an déi ech elo als Koordinator och leeden dierf.

Um nationalen Niveau muss een da scho méi nuancéieren. Ech sinn do 2019 an de Comité exécutif gewielt ginn, eppes wat ech esou direkt net Wëlles hat, wat awer natierlech villes méi einfach gema huet. Sou hunn ech méi einfach d‘Leit kennegeléiert, ech hunn all Mount eng Plaz, wou ech Saachen nofroe kann oder mech e bëssen iwwer dat eent oder anert opreegen dierf. Dat Flott dorunner ass, déi Punkte, vun engem selwer oder vun Anere gi serieux geholl, ginn diskutéiert, et gesäit een duerno ee Suivi. Inhaltlech kann ech nieft menge Remarquen am CEX och via den Aarbechtsgrupp Digitales, deen ech matleeden, och Afloss huelen. Och ass et allgemeng schéin ze gesinn, wéi harmonesch an zilorientéiert déi verschidden Niveaue vun der Partei zesummeschaffen. An deem Sënn muss ech einfach festhalen, datt Saachen, déi ech virdrun iwwer déi gréng héieren hat, wéi datt dat eng immens Top-Down-Partei wier, null Selbstkritik do wier, ee keng aner Meenungen ewéi déi offiziell zouloosse géing, dat ass einfach Quatsch. Déi gréng sinn, op hir eegen Aart a Weis, eng lieweg Partei, där déi Liewegkeet och wichteg ass.

Politik ass kee Spill a soll och net als solches vun de Bedeelegten ugesi ginn.

Wat mir net esou gefält ass, datt mer vill ze roueg, jo bal schonn ängschtlech op Saache reagéieren, déi eis eigentlech guer net gefalen dierften. Datt an enger Dräierkoalitioun net ëmmer alles esou leeft, ewéi dee klengste Partner dat wëll ass kloer, mä vu baussen gesäit dat ze oft duerno aus, wéi wa mer entweder net genuch (oder iwwerhaapt) fir eis Idealer kämpfen an op der anerer Säit Gesetzer a Projete matdroen, déi komplett géint eis Wäerter ginn.
Verstitt mech elo net falsch. Wann déi gréng net an der Regierung wieren, da géing esou vill Wichteges einfach net gemaach ginn, an op anere Plaze géing villes sech an déi komplett falsch Richtung beweegen. A just well een eis Vertrieder*innen net an der Ëffentlechkeet héiert schlecht Projeten vun de Koalitiounspartneren ze kritiséieren, heescht dat net, datt do net intern dru geschafft gëtt. Trotzdeem musse mer vill méi eis Fra stoen, ebe grad och an der Ëffentlechkeet wann et ëm eis Kärtheme Klima an Ëmwelt geet. Wann aner Ministèren do z.B. ze laang bremsen, da muss dat och kënnen ëffentlech ugeschwat ginn. Eng Koalitioun muss esou eppes dann och mol einfach aushalen, ouni datt duerno jiddereen a sengem Ego gekränkt ass an nach méi op stur stellt.

Eppes aneres wat mech enorm nervt ass deen allgemengen Zirkus an der Chamber. Dat ass elo net gréngspezifesch och wa mir do genau esou schëlleg sinn ewéi déi Aner.
Motioune ginn net ugeholl an dräi Deeg drop awer ëmgesat. Motioune gi just agereecht fir eng spezifesch Partei schlecht ausgesinn ze loossen, an net well een drun interesséiert ass ee Problem ze léisen, etc. etc. etc.
Politik ass kee Spill a soll och net als solches vun de Bedeelegten ugesi ginn. Et nervt onheemlech all déi Muechtspillereie vun deenen zwou Säiten matzeerliewen, an et hëlleft der Politik wierklech net säi scho ramponéierte Ruff och nëmmen iergendwéi ze verbesseren, am Géigendeel. Keen ausserhalb vun der Chamber interesséiert sech fir déi Schlammschlachten, respektiv wëll sech dofir interesséieren. D‘Chamber ass do fir eis Problemer ze léisen, an dat esou gutt et geet zesummen. Schlussendlech profitéiere vun esou enger Situatioun just d‘Populisten, well déi d‘Onverständnis géigeniwwer der Politik ausschluechte kënnen. Do hëlleft et dann och net drop hinzeweisen, datt grad si déi Spillereien am meeschte bedreiwen, all déi aner maache jo glécklech mat.

Wat mech awer positiv stëmmt ass, datt ech d‘Gefill hunn, datt d‘Verständnis fir déi Problemer bei deene Gréngen do ass. Lo gëllt et just fir Weeër ze fannen se effektiv och unzegoen.

Op déi nächst 3 Joer (a méi) bei déi gréng!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.