Onméiglecht Relativéiere vun de Covid-19-Doudeszuelen

De 17. November haten de Premier Xavier Bettel an d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert nees eng Pressekonferenz fir iwwer den aktuelle Stand an der Coronavirus-Pandemie ze berichten. U sech also näischt Extraes. Et war dann awer eng Äntwert vum Paulette Lenert op eng Fro vum Christophe Bumb, déi mech beim éischten Héieren direkt baff zréckgelooss huet, an et ass bei engem zweeten oder drëtte Lauschteren och net besser ginn. Et goung ëm d‘Fro no den erhéichten Doudeszuelen déi lescht 4 Wochen, wou nach eng Kéier 100 Leit um Virus gestuerwe sinn, eng Zuel déi laut dem Journalist änlech grouss ass ewéi déi vu Mäerz bis Mëtt Oktober. D‘Äntwert vun der Gesondheetsministesch war du voll mat Relativéirunge vun där Zuel. Wéi eng genau, a wisou dat héich problematesch an deelweis esouguer geféierlech ass, versichen ech hei ze erklären.

Déi ongeschnidden Äntwert vum Paulette Lenert fannt der hei.

Erëmgi vun Deeler vu Verschwörungserzielungen

Wat mech am Ufank direkt schockéiert hat war, datt een aktuell nach guer net wéisst, ob d‘Leit dann och tatsächlech wéinst dem Virus gestuerwen, oder ob se einfach just infizéiert waren a wéinst anere Saache gestuerwe sinn.

Fir vill Leit sinn esou Aussoe vu random Leit um Internet eng Fal an d‘Welt vun de Verschwörungserzielunge gewiescht, déi schlussendlech net nëmmen d‘Geféierlechkeet vum Virus erofspillen, mä och den Zesummenhalt an der Gesellschaft dauerhaft gefährden. Datt eis Gesondheetsministesch, déi beléiftsten an am kompetentsten ageschate Politiker*in vum Land, dat elo quasi esou erëmgëtt, ouni weidere Kontext zu den Doudeszuelen ze ginn gläicht enger Katastroph. Et erkläert nämlech virun allem net, wisou déi Leit elo all op ee Coup gestuerwe sinn, an dat ‚zoufällegerweis‘ an där Zäit, wou een dat op Grond vun den enorm héijen Infektiounszuelen och erwaarde géing.

Den däitsche Wësseschaftsmagasinn Quarks huet sech virun e puer Deeg ganz kritesch mat den Doudeszuelen ausenaner gesat a kënnt zum folgende Schluss: „Mit den länderübergreifenden Tendenzen der Übersterblichkeit scheint festzustehen: Das Coronavirus wurde vermutlich nicht über-, sondern unterschätzt.“

Et si jo just eeler Leit mat Komorbiditéiten déi stierwen

Déi zweet Ausso an der Äntwert war, datt virun allem eeler Leit mat Virerkrankunge géinge stierwen. Dat ass per se richteg, mä am Kontext vun den aneren Aussoen, wéi et gesot gouf a virun allem wéi oft d‘Gesondheetsministesch dobäi d‘Komorbiditéite vun deene Leit betount huet, huet mir een enorm komescht Gefill ginn. Quasi nom Prinzip Mënschen iwwer 80 stierwen halt, et sollt een déi Zuelen also net esou ganz genau huelen.

Et ass vläicht onfair vu mir, dat esou do ranzeinterpretéieren, mä ech hu mech och e bëssen a Kommentarspalten ronderëmgekuckt an hu mat anere Leit heiriwwer geschwat an ech war beileiwe net deen Eenzegen, deen dat esou opgeholl huet.

Nees gouf och hei vun der Ministesch verpasst wichtege Kontext zu hirer Ausso ze ginn. Doriwwer eraus seet si esouguer selwer, datt hir heizou u sech nach guer keng genau Zuele virleien. Ech kommen also leider net derlaanscht ze soen, datt och déi heiten Ausso net just geféierlech, mä och nach mënschlech fragwürdeg. Ee Liewen ass nämlech net manner wäert, just well ee bspw. ee geschwächt Immunsystem (wéi ech), héije Bluttdrock oder Diabetes huet.

Mir ass et wichteg, datt d‘Leit dat heite wëssen. Laut enger Etüd vun der AOK an Däitschland huet all 4. Persoun eng Virerkrankung, déi ee méi héicht Risiko fir schwéier Verleef am Kontext vun enger Covid-19-Infektioun mat sech bréngt. Bei de Persounen iwwer 80 läit dee Wäert bei 80%. D‘Doudeszuelen mat Hëllef vum „Argument“ Virerkrankungen also iergenswéi ze relativéieren oder carrément kleng ze schwätze verkennt einfach d‘Realitéit.

Vergläich mam Ausland

Déi lescht Ausso, déi ech kritiséiere muss ass de Verglach mam Ausland. Loosst mech just am Ufank lo hei kloerstellen, jo, Vergläicher mat den Zuelen am Ausland si wichteg a richteg fir ee Gefill dofir ze kréien, wéi schlëmm d‘Situatioun, relativ gesinn(!), zu Lëtzebuerg ass a wéi gutt/schlecht eis Mesure funktionéieren. Wann der iech d‘Äntwert awer nach eng Kéier ulauschtert ass genau dat net gemaach ginn.

„Et wäert ee réischt méi spéit gesinn, wéi d‘Reportingen an deenen anere Länner gemaach ginn“ mam Verweis op deen éischten ugeschwatene Punkt. Dat seet d‘Ministesch, ouni lo ze erkläre wisou dee Bléck an d‘Ausland fir eis Zuelen iergendwéi relevant ass. Fir mech ass dat hei deen däitlechste Versuch vun der Ministesch d‘Doudeszuelen hei am Land ze relativéieren. Et mécht just absolut kee Sënn. An deene meeschten anere Länner ginn d‘Doudeger d‘selwescht gezielt ewéi bei eis, soss wier d‘Diskussioun, ob d‘Leit elo „duerch“ oder „just mam“ Coronavirus gestuerwe sinn jo eng exklusiv lëtzebuergesch. Dat ass se net.

A souguer wa mer d‘nächst Joer géinge rausfannen, datt ausschliisslech am Ausland falsch gezielt gouf an et do vill méi Doudeger gouf a bei eis net, wat net realistesch ass, wat ännert dat un eiser aktueller Situatioun? Et stierwen net manner Leit, et sinn der net manner krank, an et sinn der net manner op den Intensivstatiounen.

Mir sollte virun allem no eis kucken, d‘Situatioun esou realistesch wéi méiglech aschätzen an dat dann och esou de Leit dobausse matdeelen. Soubal een als Regierung oder an dësem spezifesche Fall als Gesondheetsministesch ufänkt ze relativéieren, een ufänkt Ausrieden ze sichen, ob lo bewosst oder onbewosst, huet dat Inzidenzen op d‘Verhale vun der Bevëlkerung. An dat sollt een als verantwortlech Politiker*in wëssen, no 8 Méint Pandemie.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.