De Projet Nordstad geet u schlechtem politesche Stil futti

An der Nordstad brennt de Bam. Alles wéinst engem geplangte Wandkraaftwierk vun de Gemengen Ettelbréck an Dikrech dat genau op der Grenz zu Ierpeldeng, a vill méi wichteg, direkt am Hannergaart vun de Biirder Leit soll gebaut ginn. Nee, hei geet et net ëm eng typesch NIMBY-Reaktioun, mä ëm schlechte politesche Stil vun den zwee „Groussen“ par Rapport zu hire méi klengen Noperen. De Kollateralschued ass dobäi immens, no Joerzéngte vun Diskussioune sollt et 2023 nämlech endlech zur Fusioun an der Nordstad kommen. Déi ass elo massiv a Gefor.

Eigentlech hätt een et misse komme gesinn. Scho méi wéi eng Kéier hunn ech mech hei am Blog driwwer opgereegt, datt d‘Biergerbedeelegung an allgemeng d‘Aart a Weis wéi aktuell zu Ettelbréck Politik gema gëtt net gutt ass. Ech hu mer och soe gelooss, datt et zu Dikrech mat der absolutter Majoritéit fir de Claude Haagen net wierklech besser ass.

Wärend een seng eege Leit nach, wéi déi respektiv Walresultater dat och weisen, mat Alibi-Biergerbedeelegung oder komplett an Eegeregie duerchgefouerte Prestigeprojete bei sech behale kann, esou kritt ee mat esou enger Aart a Weis awer ni Leit vu bausse vu sech iwwerzeegt.

„Eng ländlech Gemeng ka vläicht éischter fäerten a soen ‚Beemol ginn d‘Decisiounen net méi bei eis am Duerf geholl, mä op enger anerer Plaz fir eis geholl.‘ (…) An ech mengen dofir muss een ëmmer erëm de Leit weisen, net nëmme soen, mä weisen, datt se ganz ganz eescht geholl ginn, an datt jiddereen zielt.“

De Jean-Paul Schaaf (CSV), Buergermeeschter vun Ettelbréck, den 13. August 2020 um Radio 100,7. Hie schéngt sech der Problematik wéi sou oft bewosst ze sinn, just maache mécht hien eppes aneres.

Am Fall vun dëser Wandmille schaffen déi zwou Gemenge säit 2015 drun, 2018 huet een awer réischt d‘Gemeng Ierpeldeng a Kenntnis gesat, dat anscheinend ouni gréisser Detailer, a réischt elo am Juli vun dësem Joer, nodeems d‘Saach politesch schonn decidéiert war an et scho gewalteg zu Biirde rumouert huet, huet ee fonnt, datt een och mol eng Informatiounsversammlung fir déi betraffe Leit kéint organiséieren.

Et ass keen Zoufall, datt dat dote geschitt. Nee, ech mengen net, datt déi politesch Responsabel vun den zwou Gemengen, a virun allem vun Ettelbréck, dat do express esou gehandhabt hunn oder si iergendeppes géint d‘Leit vu Biirden hunn. Si kënnen einfach net aneschters. Si hu leider keng Anung wéi een am 21. Joerhonnert eng inklusiv Politik mat de Bierger*inne mécht, a si hu scho méi wéi eng Kéier gewisen, datt si dat och net méi léiere wëllen. Dës Kéier huet et ebe Biirde getraff, an domadder d‘Nordstad als Ganzes.

D‘Nordstad ass a bleift d‘Verspriechen, datt ee regional gemeinsam Projeten ëmsetze kann, déi net just de 5 Gemengen ze gutt kommen, mä u sech dem ganzen Éislek. D‘Nordstad wier nämlech d‘Géigegewiicht zu Esch/Uelzecht an der Stad. Mir brauchen se, dovunner sinn a bleiwen ech zu 100% iwwerzeegt. Mä esou gëtt dat näischt.

Et ass elo virun allem un eis, de Leit vun Ettelbréck an Dikrech, fir de Schratt op d‘Leit vu Biirden, oder nach besser, op d‘Leit vu Schieren, Bettenduerf an Ierpeldeng duer ze goen, an zesummen ze kucke wéi mer no enger méiglecher Fusioun och wierklech sécherstellen, datt kee méi bei wichtegen Decisiounen iwwergaange gëtt.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.