Europäesch Netzpolitik: All Stëmm zielt!

5 Stëmmen hu gefeelt géint d‘Uploadfilter. 3 hunn der gefeelt fir d‘1-Stonne-Reegel aus der Terrorfilter-Veruerdnung ze sträichen. Wann et ëm digital Grondrechter geet, ass d‘Europaparlament also matzen an der Mëtt gespléckt. Zu Lëtzebuerg hu mer d‘Chance dozou bäizedroen, datt am nächste Parlament déi knapp Decisiounen zu eisem Gonschten ausginn. Mir stëmmen zwar „just“ iwwer 6 Deputéiert of, mä et ass grad dee 6. Sëtz, deen 3. vun der CSV, dee méi wéi wackelt. Un eis dofir ze suergen, datt deen un eng Partei geet, déi eis digital Rechter verteidege wäert.

Wisou wackelt den 3. Sëtz vun der CSV iwwerhaapt?

Dat huet direkt e puer Grënn. D‘CSV ass aktuell an engem groussen Ëmbroch, an der Partei sinn der vill net zefridde mat hirem neie President a wëllen dee gären nees lassginn. Ëmbroch gëtt et och op hirer Kandidéierendelëscht, kee vun den 3, déi di leschte Kéier gewielt goufen ass méi drop, virun allem d‘Viviane Reding feelt, huet hatt dach ëmmer vill Stëmme gezunn. Do derbäi kënnt dann och nach, datt et bei de leschten Europawale wuel ee „Juncker-Effekt“ gouf, spréch vill Leit hunn d‘CSV gewielt, well se wollten, datt de Jean-Claude Juncker Kommissiounspresident gëtt. Hien steet fir dee Posten awer elo och net méi zur Verfügung.

Wou kéint dee Sëtz da realistescherweis higoen?

Wann ech mer déi lescht Walresultater esou ukucken, da ginn et fir mech 4 méi oder manner realistesch Zeenarioen. Entweder de Sëtz geet un d‘DP/déi gréng, well se weiderhi vun der jonker Wielerschaft gepusht ginn A Wieler*inne vun der CSV unzéie kënnen, oder awer de Sëtz fält un d‘adr/d‘Piraten, well et bei enger Europawal insgesamt wuel méi „Protestwieler*inne“ ginn. Eng 5. Méiglechkeet wier natierlech, datt sech all déi opgezielte Wielerstréimungen neutraliséieren an et schlussendlech awer fir d‘CSV knapp duergeet hiren 3. Sëtz ze verteidegen.

Wat wier dann de beschten Ausgang fir eis digital Rechter?

Wann een sech d‘Ofstëmmungen an de leschte 5 Joer zu netzpoliteschen Themen am Europaparlament ukuckt, da kënnt ee ganz séier zum Schluss, datt et am Beschte wier, wann déi gréng de Sëtz bäikréie géingen. D‘CSV an d‘DP hunn zwar an der Schlussofstëmmung zur Urheberrechtsreform och géint d‘Uploadfiltere gestëmmt, ansonsten hunn si awer quasi all Blödsinn ënnerstëtzt. Puer Deeg méi spéit, bei der Ofstëmmung iwwer eng Veruerdnung zur Bekämpfung vun terroristeschem Online-Contenu, hunn déi zwou Parteie bspw. dann awer fir Uploadfilteren (CSV), respektiv fir Regelunge gestëmmt, déi Uploadfilteren noutwendeg maache wäerten (CSV an DP). Och hunn CSV an DP konsequent géint kloer a besser Netzneutralitéitsreegelen, a fir d‘pauschal Iwwerwaachung vu Fluchpassagéier (PNR) gestëmmt, déi elo och nach an Däitschland vu sech schwätzen deet, well se net fonctionnéiert. Déi Gréng hu bei all deene Voten dodergéint dee richtege Knäppche gedréckt, sief et vum Claude Turmes oder vum Tilly Metz.
D‘adr an d‘Pirate souzen déi lescht 5 Joer net am Europaparlament a konnten dowéinst natierlech weder richteg nach falsch ofstëmmen. D‘adr huet sech awer déi lescht 5 Joer zu kengem Zäitpunkt an iergendeng vun dësen europäeschen Diskussiounen ëffentlech agemëscht a si géingen an eng Fraktioun goen, déi, fein ausgedréckt, net grad de Ruff huet gutt Positiounen an der Netzpolitik anzehuelen.

„Mä wat ass dann elo mat de Pirate Claude? Déi hunn sech dach grad wéinst deenen Theme gegrënnt. Wisou soll ech dann net si an d‘Parlament wielen?“
Ma wa mer hei géingen iwwer d‘Pirate vun 2013 mat de Walresultater vun 2018 schwätzen, da wier meng Walempfeelung och eng aner, mä d‘Pirate vun 2013 ginn et net méi! Hir Themeprioritéiten hu sech säit dem esou vill geännert, datt ee vun hire 6 Kandidat*inne genau der 0 als Netzpolitiker*in bezeechne kéint a si just 1 vu 6 Punkten als „Top-Thema“ fir de Walkampf der Netzpolitik widmen. 1 Punkt, wou se och nach einfach léien.

Wann een sech d‘Walprogrammer vun de Parteien ukuckt, an dat huet d‘WOXX déi lescht Woch gema, da kënnt een iwwregens zu engem ähnleche Constat, wéi mat de vergaangenen Ofstëmmungen: „Wirklich überzeugen können mit ihren netzpolitischen Programmen lediglich Déi Gréng und die Piratepartei, die sich jedoch auf die Arbeit ihrer europäischen Schwesternparteien stützen konnten.“

Ech kann iech also wierklech just roden déi gréng ze wielen, wann iech eis digital Grondrechter wichteg sinn. Eng sécher Stëmm méi am Europaparlament ze hunn, wann et un iergendee Vott an dëser Thematik geet, wier enorm wann een sech déi uewe genannte knapp Ofstëmmungen ukuckt. All. Stëmm. Zielt.

An dat gutt ass jo, datt ee mat enger Stëmm fir déi gréng net nëmmen eis digital Grondrechter stäerkt, mä och nach eng Fraktioun ënnerstëtzt, déi konsequent pro-europäesch an den absolute Leader a Saache Klimaschutz am Europaparlament ass.

Disclaimer: Ech wëll net verstoppen, datt ech säit engem gudde Joer Member bei deene Gréngen zu Lëtzebuerg sinn an do um leschte Kongress an de Comité exécutif gewielt gouf. Virdrun war ech 7 Joer bei de Piraten engagéiert. Wisou ech do ausgetruede sinn, kann een hei noliesen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.