Gëschter (13.02) war de leschten Trilog a Saachen EU-Urheberrechtsreform, an et gouf sech op ee fir den Internet enorm schlechten Text verstännegt. Artikel 13 wäert méi wéi nëmmen Uploadfiltere mat sech bréngen. Wat genau festgehale gouf, kënnt der beim Julia Reda op sengem Blog noliesen. Hei soll et elo just dorëms goen, wats Du elo maache kanns, fir sécherzestellen, datt esouwuel déi lëtzebuergesch Regierung, ewéi eis 6 Europadeputéiert am definitive Vott géint dës Reform stëmmen.
Mails schreiwen, uruffen, demonstréieren!
Mir si kuerz virun den Europawalen, an do wëll u sech keng Partei et sech mat Wielerinnen a Wieler „verscherzen“, se sinn also duebel sensibel, wann se op spezifesch Themen a Votten uschwätzt. A genau dat wäerte mir eis zu Notze maachen!
Mails schreiwen ass dat Einfachsten. Du schreifs e puer Sätz wisou et Dir perséinlech wichteg ass, datt een Artikel 13 oflehnt, ernimms vläicht nach 1-2 allgemeng Argumenter a schécks se of. Schreif Deng Mail iwwregens w.e.g. selwer a benotz net iergendeng generesch Virlag. De Problem bei deenen ass nämlech, datt d‘Deputéiert se séier als Spam an autogeneréiert ugesinn, spréch soen Du bass keng real Persoun, also mussen se Deng Uleiessen och net serieux huelen.
Besser ass et do scho bei den Deputéierten am Büro unzeruffen. Heibäi kënnen se Dech an Däin Uleies net esou séier klengschwätzen. Normalerweis ginn Assistent*inne vun den Deputéierten op den Telefon, so an deem Fall ëmmer, datts de ganz gäre géings mam Deputéierte perséinlech iwwer eng zukünfteg Ofstëmmung wéilts schwätzen. Wann hien/hatt dee Moment net op den Telefon ze kréien ass, dann erklär kuerz, datts de soe wolls, datt ee géint Artikel 13 stëmme sollt, well [Däi Grond]. Du dierfs an esou engem Fall méi wéi gären den Dag drop nach eng Kéier uruffen.
Wanns Du awer genau esou ee Schisser bass, wat telefonéieren ugeet, ewéi ech, bleift der net nëmmen d‘Mail. Ech si mer nämlech zimlech sécher, datt et, nieft villen Demonstratiounen a ganz Europa, och eng zu Lëtzebuerg wäert ginn. Hal d‘Aan op a komm reegelméisseg zréck hei op de Blog kucken, wat Datum a Plaz uginn. An da komm mat Deng Frënn a Kollege laanscht, an da weise mer de Parteien alleguerten zesummen, ewéi wichteg eis dat heiten ass.
BTW: Ech hoffen, datt et fir jiddereen selbstverständlech ass zu all Moment fein mat den Deputéierten an hire Matarbeschter*innen ze sinn!
Wien war bis elo op eiser Säit?
D‘Mady Delvaux (LSAP) an d‘Tilly Metz (déi gréng), wéi och eis Regierung (DP-LSAP-déi gréng) war an de jeeweileg leschten Ofstëmmunge scho géint Artikel 13 agestallt. Ervirhiewe wëll ech hei ganz gären d‘Mady Delvaux, well hatt sech schonn am zoustännege Comitee géint d‘Uploadfilteren agesat huet.
Klengen Ausbléck op d‘Europawalen: D‘Tilly Metz kandidéiert nach eng Kéier, d‘Mady Delvaux net.
Ech gi perséinlech net dovunner aus, datt di hei genannten hir Positioun zum schlechtere wiessele wäerten, mä fir sécher ze goen, hei sinn d‘Kontaktdonnéeën:
Tilly Metz
Mail: tilly.metz@europarl.europa.eu
Büro zu Bréissel: +32(0)228 45246
Büro zu Stroossbuerg: +33(0)388 1 75246
Mady Delvaux
Mail: mady.delvaux-stehres@europarl.europa.eu
Büro zu Bréissel: +32(0)228 45136
Büro zu Stroossbuerg: +33(0)388 1 75136
Ministère de l‘économie
Secretariat: info@eco.public.lu
Minister Schneider: etienne.schneider@eco.etat.lu
Wien huet bis elo d‘Uploadfilteren ënnerstëtzt?
An de jeeweileg leschte Votten am Europaparlament hunn de Frank Engel, de Georges Bach an de Christophe Hansen (all CSV) an de Charles Goerens (DP) sech op d‘Säit vum Artikel 13 gestallt. De Fränk Engel, dee mëttlerweil President vun der CSV ginn ass an dës „cool“ maache wëll, war esouguer sou wäit gaangen de Verdeedeger vum Internet „fake news“ virzegeheien, well et trotz Artikel 13 „nimools ee gigantesche Filter wäert ginn“.
Klengen Ausbléck op d‘Europawalen: De Charles Goerens an de Christophe Hansen wäerte bei den Europawale kandidéieren, de Frank Engel bleift der nationaler Politik awer natierlech erhalen.
D‘Zil muss et fir eis sinn, op d‘mannst de Charles Goerens op eis Säit ze kréien, de Frank Engel kréie mer vläicht just gelackelt, wa mer him ganz oft soen, datt just Leit a Parteien, déi géint d‘Reform stëmme wierklech „cool“ sinn. Hei sinn d‘Kontaktdonnéeën:
Charles Goerens
Mail: charles.goerens@europarl.europa.eu
Büro zu Bréissel: +32(0)228 45612
Büro zu Stroossbuerg: +33(0)388 1 75612
Frank Engel
Mail: frank.engel@europarl.europa.eu
Büro zu Bréissel: +32(0)228 45162
Büro zu Stroossbuerg: +33(0)388 1 75162
Georges Bach
Mail: georges.bach@europarl.europa.eu
Büro zu Bréissel: +32(0)228 45113
Büro zu Stroossbuerg: +33(0)388 1 75113
Christophe Hansen
Mail: christophe.hansen@europarl.europa.eu
Büro zu Bréissel: +32(0)228 45460
Büro zu Stroossbuerg: +33(0)388 1 75460
Puer Argumenter a Kuerzform
Uploadfiltere si feelerhaft, villes wäert falsch erkannt an dowéinst blockéiert ginn!
Uploadfiltere kënnen net tëscht bspw. erlabter Parodie (Memes) an onerlabter Urheberrechtsverletzung ënnerscheeden, déi erlabt Saache wäerten also blockéiert ginn!
→ Meenungsfräiheet a Gefor! Gesäit och den UN-Spezialrapporteur fir d‘Meenungsfräiheet David Kaye esou
Keng wierklech Ausnahme fir Start-Ups a kleng Firmen, spréch Monopolstellung vu Facebook a co. gëtt weider gestäerkt!
→ nei (europäesch) innovativ Plattformen ginn am Keim erstéckt!
Méi, a méi detailléierter fënns Du hei: https://saveyourinternet.eu/ https://juliareda.eu/eu-copyright-reform/