Walsystem: Mäi Bréif un d’Parteien

Endlech endlech endlech… U sech hat ech schonn alles geplangt, preparéiert a quasi fäerdeg, an dann hunn ech mech awer vun allem iergenswéi ophale gelooss. Mä egal, lo ass et endlech esou wäit!

walsystemtweet2

Wéi ech schonn an de Stonnen no de Wale vum 14. Oktober ugekënnegt hat, ass mäi Bréif iwwer d’Problemer am Walsystem allgemeng elo tatsächlech erausgaangen, an dat via Post un d’Parteien, a via Mail un de Chamberpresident esouwéi d’Deputéiert an der Institutiounskommissioun. Noliese kënnt der ee Brouillon vum Bréif hei. (PDF)

Drastoe mécht u sech näischt groussaarteg Neies, reegelméissege Lieser*inne vu mengem Blog a mengem Twitteraccount kommen déi meescht Punkte sécherlech bekannt vir: Feelend Parteiegesetz, schlecht Sëtzverdeelung, onnéideg Bezierker, etc.

Dëse Blogpost soll u sech och just dozou déngen, jiddfer Interesséierten um Lafen ze halen, wat mam an duerch de Bréif eventuell an d’Rulle komm ass (an ob ech iwwerhaapt Réckmeldunge krut). De Post wäert also (hoffentlech) reegelméisseg geupdated ginn!

walsystemtweet1

Update 16.02.2019 21:47

Bis elo krut ech vu Leit vu 4 Parteie geäntwert. De Marc Angel vun der LSAP huet op de Koalitiounsaccord higewisen a gemengt, do stéinge jo eng ganz Rei vu Punkten dran, déi ech am Bréif ernimmt hunn. Den Henri Kox (déi gréng) huet mech fir no der Fuesvakanz invitéiert fir iwwer d’Punkten ze diskutéieren, an de President vun deene Gréngen, de Christian Kmiotek hat gemengt, de Bréif wier eng ganz gutt Diskussiounsgrondlag.

Vun der adr souwéi vun de Piraten huet jeeweils en Fraktiounsmataarbechter geäntwert gehat. Den Här vun der adr huet vum Gast Gibéryen ausriichte gelooss, datt en eng ganz Rei vu mengen Iwwerleeungen an d’Diskussiounen ëm eng eventuell Reform vum Walgesetz wäert abréngen. Den Här vun de Piraten huet drop verwisen, datt d’Piratepartei jo schonn eng ganz Rei vu menge Punkten opgegraff hat, an huet mech invitéiert fir mam Deputéierte Marc Goergen zesummen eppes auszeschaffen. Hei hunn ech awer dankend ofgelehnt a gemengt den Här Goergen misst sech fir d’éischt fir säi Verhalen an der Vergaangenheet bei mir an Aneren entschëllege bevir ech mech nees zesummen un een Dësch mat ëm setzen.

Vun der CSV, deene Lénken an der DP krut ech bis elo nach keng Réckmeldungen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.