Digital Grondrechter: Wat erwaart eis 2019?

Et muss een sech Netzaktivist*innen an Dateschützer*innen als glécklech Mënsche virstellen. All puer Méint schliisslech gëtt et een Opschrei hei an Europa, datt entweder eis Fräiheetsrechter oder awer de fräien Internet vun iergendenger neier Veruerdnung oder Direktiv a Gefor geroden. Fir datt elo op mannst am neie Joer kee vun iech um falsche Fouss erwëscht gëtt, hunn ech mer d‘Méih gemaach ze kucke wat dann elo 2019 alles a Saachen (digital) Grondrechter op eis duerkënnt.

E-Evidence

Ënner wéi enge Viraussetzungen an iwwer wéi ee Wee dierfen europäesch Behörden an aneren europäesche Länner bei Internetfirmen a -provideren elektronesch Beweismëttelen ufroen? Dorëms geet et bei der am Moment diskutéierter E-Evidence-Veruerdnung. Ufank Dezember huet sech den europäesche Rot vun de Justizminister op hir Positioun gëeenegt, déi beseet, datt bspw. ee polnesche Riichter sech direkt un déi lëtzebuergesch Post dierf wende fir all méiglech relevant Donnéeën zur Persoun X ze kréie géint déi a Polen enquêtéiert gëtt. Och dauerhaft Iwwerwaachunge si méiglech. Et ass dann un der Post fir ze decidéieren, ob déi Ufro rechtens ass, dat awer bei der Gefor héich Strofen ze riskéieren, wann se sech fälschlecherweis widdersetzt. Ee lëtzebuergesche Procureur oder Riichter soll zu kengem Zäitpunkt involvéiert ginn.

Ech perséinlech géing et immens cool fannen, wa mer a punkto Vertrauen an all europäesche Rechtsstaat esou wäit wieren, datt mer all eenzelem eng Carte Blanche ginn. Do si mer awer nach laang net. Vun dohier géing ech et och nëmme richteg fannen, wann och ëmmer nach een Zoustännegen aus dem Land, wou d‘Ufro higaangen ass, och driwwer kuckt a säin Accord muss ginn. Dat gesinn iwwregens zoustänneg Ministeren aus 7 EU-Länner ganz ähnlech, an och de lëtzebuerger Justizminister Felix Braz (déi gréng) huet seng Bedenken a verschiddene Punkten, huet awer anescht ewéi anerer deem doten Text zougestëmmt.

D‘Europaparlament huet, esou wäit ech dat iwwerblécken, nach keng Positioun zur Thematik ageholl. Soubal dat geschitt ass, geet dat Ganzt dann an den Trilog, wat Verhandlungen tëscht Rot, Parlament a Kommissioun si fir dann en Text ze fannen, deem jiddereen zoustëmme kann.
Mäin Tipp fir 2019: D‘Parlament wäert eng vill besser Positioun unhuelen an domadder de bësse gespléckten europäesche Rot vun dëser och iwwerzeegen. Trotzdeem gëllt et wachsam ze bleiwen!

E-Privacy

Mir hunn zwar viru kuerzem an der Europäescher Unioun d‘DSGVO, also eng nei Dateschutz-Veruerdnung krut, déi reegelt awer net alles. Dat wat se net reegelt, gëtt an der e-Privacy-Direktiv behandelt. Hei geet et dorëms wéi eis Kommunikatiounsdonnéeën dierfe vun Entreprise viruverwert ginn, wéi mir eis géint Online- an Offline-Tracking wiere kënnen oder ob Staaten a Firmen Hannerdieren an eiser verschlësselter Kommunikatioun dierfen abauen.

D‘Europaparlament huet heizou schonn 2017(!) seng Positioun festgehalen, an zwar eng déi kloer am Sënn vun eisen digitale Rechter ass. De Conseil allerdéngs huet et bis elo net fäerdegbruecht sech op eng Positioun ze eenegen, dat haaptsächlech, well d‘Diskussiounen an der Lescht vun der éisträichescher Presidence verschleeft goufen.
Mäin Tipp fir 2019: Den decisive Vott wäert hei wuel net méi virun den Europawale sinn. Mir mussen also sécherstellen, datt och duerno ëmmer nach eng Majoritéit am Parlament sëtzt, deenen eis Privatsphär wichteg ass.

Nei EU-Urheberrechtsdirektiv

Déi nei Urheberrechtsdirektiv war schonn 2018 en Dauerbrenner, an se wäert eis och nach 2019 e bësse begleeden. U sech sollt dës Direktiv d‘Urheberrecht an Europa harmoniséieren a gläichzäiteg un den Internetzäitalter upassen. Leider ass, Stand haut, weder aus der Harmonisatioun eppes ginn, et wäerten nämlech weiderhin ënnerschiddlech Ausnamen an den ënnerschiddleche Länner gëllen, nach aus dem Upassen un den Internet. Vill méi hält een un ale Konzepter fest an et wëll een den Internet dorunner upassen. Eraus koumen, wéi mer all wëssen, d‘Iddi vun obligatoreschen Uploadfilteren (Artikel 13), déi d‘Meenungsfräiheet a wichteg Aspekter vun der Internetkultur a Fro stellen, souwéi déi schonns an Däitschland ewéi a Spuenie gescheiterten Iddi vun engem „Leistungsschutzrecht“ (Artikel 11), déi, wann et domm leeft, d‘Verlinke vu journalisteschen Artikele verbitt.

Dës Direktiv ass schonns am Trilog, an et gëtt do virun allem nach iwwer déi zwee genannten Artikele gestridden. Fir Lëtzebuerg am europäesche Rot dofir responsabel ass iwwregens den Etienne Schneider (LSAP), deen an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro och zimlech däitlech gemaach huet, datt e mat den aktuelle Proposen u sech ganz gutt liewe kéint. Am Europaparlament ass seng Parteikomerodin Mady Delvaux allerdéngs géigesätzlecher Meenung, genausou wéi och déi gréng Deputéiert Tilly Metz. D‘CSV- an DP-Deputéiert stinn hei op der falscher Säit.
Mäin Tipp fir 2019: Parlament a Rot hunn eng schlecht Positioun, an de Verhandlunge wäert sech dat och net méi änneren. Hei wäerte mer also dorobber mussen hischaffen, datt dat europäescht Parlament de Kompromësstext oflehnt an d‘Reform domadder fir d‘éischt mol dout ass. Dat ass och méiglech, schliisslech wäert den decisive Vott mat grousser Wahrscheinlechkeet nach virun de Walen am Mee sinn. Gebraucht gëtt heifir awer den Engagement vu jidderengem!

TERREG

Hannert dëser Ofkierzung verstoppen sech déi neisten Anti-Terror-Mesuren. Konkret geet et dorëms „terroristesch Contenuen“ op Internetplattforme séier lasszeginn oder se eréischt guer net online goen ze loossen. Dat geet natierlech just, an dat hutt der iech wahrscheinlech och scho geduecht, mat Uploadfilteren. Facebook a co. sollen also net nëmmen a punkto Urheberrecht Police a Juge gläichzäiteg spillen, mä och an der Lutte géint den Terrorismus.

De Conseil vun den Inneministeren huet hir Positioun am Dezember festgeluecht, elo ass et um Europaparlament fir Stellung ze bezéien.

Mäin Tipp fir 2019: Puh, keng Anung. Ech denken net, datt dat heite virun den Europawale sprochräif wäert sinn, mä dann op der anerer Säit geet et bei Anti-Terror-Mesuren heiansdo och ganz schnell. Anescht ewéi bei der Urheberrechtsdirektiv denken ech, datt et och schwéier wäert sinn, hei eng grouss Mass dergéint mobiliséiert ze kréien, och wann et schlussendlech dat selwecht an nach méi schlëmmer Form ass.

Netzneutralitéit vs. 5G

D‘Netzneutralitéit ass de Prinzip, datt all Datepaket am Internet vun den Netzbedreiwere muss gläichbehandelt ginn. 2016 gouf dëse Prinzip a relativ staarker Form an der Europäescher Unioun festgeschriwwen, allerdéngs sollen d‘Reegelen 2019 nach eng Kéier iwwerpréift an eventuell iwweraarbecht ginn.

Am Hibléck op d‘Aféierung vum 5G, dat den Netzbedreiwere ganz nei Méiglechkeete bidde wäert, virun allem mat Hëllef vum sougenannten Network-Slicing, wäerten déi grouss Telekommunikatiounsentreprisen nees eng Kéier alles dru setzen d‘Netzneutralitéit ze schwächen.

Verantwortlech zu Lëtzebuerg fir d‘Emsetze vun enger 5G-Strategie ass den neien Digitaliséierungsministère ënnert der Féierung vum X. Bettel (DP). Eng Roadmap vun dëser Strategie gouf och schonns am September 2018 virgestallt, wou och vill vum Potenzial vum Network Slicing Ried ass. D‘Netzneutralitéit gëtt an deem Dokument net eng Kéier ernimmt. Lo muss een allerdéngs och soen, datt de Prinzip vun der Netzneutralitéit fir di zweete Kéier hannertenaner am Koalitiounsaccord steet. Et wäert also op alle Fall spannend ginn ze gesinn, ewéi de Xavier Bettel déi zwou Saachen ausbalancéiere wäert, dat souwuel hei am Land wéi och an Europa.
Mäin Tipp fir 2019: Europa ass decisive. Dat nächst Joer musse mer sécherstellen, datt d‘EU hir héich Standarden a punkto Netzneutralitéit bäibehält (oder souguer nach ausbaut), dann ass et schlussendlech och egal, wat de X. Bettel a seng Leit hei am Land geplangt haten. Wéi dee Kampf ausgeet, kann ech awer haut wierklech nach net virausgesinn. Oder anescht gesot: Jidderee gëtt gebraucht!

Vorratsdatenspeicherung

Zu gudder Lescht musse mer dann awer och nach eng Kéier kuerz iwwer d‘VDS schwätzen. Se gouf zwar schonn 2 Mol kloer vum Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg fir net konform mat der EU-Mënscherechtskonventioun erkläert, trotzdeem lieft se iergendwéi ëmmer nach. Dat lëtzebuergescht Gesetz dozou existéiert ëmmer nach, an am neie Koalitiounsaccord gëtt nach eng Kéier drop higewisen, datt een éischter eng europäesch Léisung fanne wëll, ewéi Lëtzebuerg konform mat den Uerteeler ze setzen. Am europäesche Conseil vun de Justizministeren ass d‘VDS dann och reegelméisseg en Thema, bis elo hunn se awer nach kee Wee fonnt fir eng nei a konform Gesetzgebung (Spoiler: Et gëtt keng.).

Mäin Tipp fir 2019: Den europäesche Conseil wäert dat Ganzt wuel ni opginn, an iergendwann (wann och vläicht net 2019) mat engem neien Text kommen, deen dann awer nees vum EuGH akasséiert gëtt. Et ass dobäi wierklech ze bedaueren, datt Lëtzebuerg heibäi matmécht. Fir eis gëllt et d‘Thema net ze vergiessen, a weiderhin Drock op de F. Braz an d‘Regierung auszeübe fir dat se vläicht awer agesinn, datt d‘Mënscherechter eppes Wäert sinn.

Foto vun netzpolitik.org — CC-BY

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.