Zukunftspartei? Zukunftspartei!

Si mer ëmmer nach um richtege Wee? Kënnen, sollen, mussen oder wëlle mer eis Prioritéite vläicht upassen? Ass d‘Zukunft vun der Partei ofgeséchert? Wann net, wat ass schif gelaf? Wann jo, geet eis dat duer? Kuerz no nationale Walen ass ëmmer eng gutt Zäit fir Parteien ee Schratt zréckzegoen an ze versichen aus der alldeeglecher Politik ze entfléien fir esou ee bessere Bléck op dat grousst Ganzt ze hunn. Ech versiche mech hei un esou enger kuerzer Analys vun deene Gréngen.

Am Walkampf hunn ech de Begrëff zwar elo net méi all ze dacks héieren, mä fir hire 35. Gebuertsdag dëse Summer hunn déi gréng erkläert, si wiere säit hirer Grënnung eng „Zukunftspartei“. Aus deem Bléckwénkel versichen ech dann och meng Analys unzegoen.
Viru 35 Joer hunn se dat och tatsächlech ënner Beweis gestallt, se waren déi Éischt déi erkannt hunn, ewéi schlecht mer mat eiser Ëmwelt ëmginn an datt eis déi Récksiichtslosegkeet an Zukunft bäisse wäert. Och haut ass den Ëmweltschutz, de Kampf géint de Klimawandel, d‘Bäibehale vun der Biodiversitéit, etc. ëmmer nach ee richtegt Zukunftsthema, wat een och ni vun de Grénge wäert getrennt kréien.
Den Ëmweltschutz an d‘Klimapolitik sinn awer net déi eenzeg Zukunftsthemen, et hat een déi lescht 5 Joer awer heiansdo d‘Gefill et wieren déi eenzeg Theme woufir déi gréng sech (an der Regierung) wierklech engagéieren.

Een zweet wichtegt Zukunftsthema, wourunner tatsächlech och ee grénge Minister geschafft huet, vun deem een awer leider net esou vill an der Press héieren huet, an u sech och déif an de Wuerzele vun deene Grénge verankert ass, ass déi ganz Genderthematik. Heibäi geet et haut awer net méi „just“ ëm Fraerechter. Déi ganz perséinlech Fro „Wien sinn ech?“ ass fir vill Leit vun ëmmer méi grousser Bedeitung, a wann een de Leit um Terrain nolauschtert ginn et ëmmer méi Kanner a Jugendlecher, déi ëmmer méi fréi mierken, datt si sech an hirem Kierper net wuel fillen. Jo, et gouf an der leschter Legislaturperiod méi einfach gemaacht fir säi Geschlecht administrativ ze änneren, dat geet awer nach laang net duer. An de Grond wisou ech et schued fannen, datt ee grad an dësem Punkt net vill héieren huet ass, datt een, egal wéi een LGBTQIA-Thema een hëlt, een ni genuch Sensibilisatioun an der Bevëlkerung kann hunn. De sougenannten intersektionale Feminismus dierf an Zukunft op kee Fall zu enger Randnotiz bei deene Grénge verkommen, mä muss weiderhin héich op der Prioritéitelëscht verweilen.

Dann liewe mer haut och nach am Zäitalter vun der digitaler Transformatioun. Nach ni an der Geschicht huet d‘Mënschheet esou ee groussen technologesche Fortschrëtt a sou kuerzer Zäit matgemaach. D‘Froen nom Schutz vun der Privatsphär oder dem Erhale vum onofhängege Journalismus sinn dobäi der just zwou, wann och ëmsou méi kritescher, wann et ëm d‘Verteidege vun eiser Demokratie geet. Déi gréng hunn an haten zwar programmatesch Usätz a Positiounen an dësem Politikfeld, se waren awer bis haut einfach guer keng Prioritéit. Wann een awer wierklech als d‘Zukunftspartei zu Lëtzebuerg wëll gëllen, da muss dat sech ganz séier änneren. Dobäi dierf déi opportunistesch Fro, fir wéi vill Wieler*innen déi digital Themen haut iwwerhaapt walentscheedend sinn, och eigentlech keng Roll spillen. Se sinn ze wichteg dofir, ähnlech ewéi et och d‘Emwelttheme viru 40 Joer waren. Kee Wonner also, datt sech virun 10 Joer a ganz Europa d‘Pirateparteie ronderëm grad dës Froe gegrënnt hunn.

Déi dräi bis elo genannten Themebléck sinn iwwregens virun allem bei deene Jonken héich op der Interessenslëscht. An och grad dat mécht eng Zukunftspartei no menger Interpretatioun aus, nämlech datt se sech fir d‘Theme vun der Jugend interesséiert, an och dowéinst vun dëser ënnerstëtzt gëtt!

Zu gudder lescht, an dat hänkt och nach un der digitaler Revolutioun, oder wéi een et dann elo och nenne wëll, an dat ass d‘Zukunft vum Sozialstaat! Eis Gesellschaft, eis Aarbechtsgewunneschte veränneren sech rasant, vill Aarbechte ginn ëmmer méi onnéideg, well se vun ëmmer méi Maschinnen iwwerholl ginn a mir hänken ëmmer nach un eisem ale Sozialsystem a wëllen do och trotz immens verännerte Bedingungen net dru wierkele goen. Op kuerz oder laang brauche mer och hei nei Visiounen! An Däitschland huet elo den neie Chef vun deene Gréngen, de Robert Habeck eppes proposéiert, wat dann dach engem Grondakommes schonn zimlech nokënnt. Ech denken net, datt déi gréng zu Lëtzebuerg Angscht virun ähnlech radikale Proposen an dëser Thematik brauchen ze hunn.

Klimaschutz, Feminismus a Mënscherechter, Netzpolitik an eng ambitiéis a visionär Sozialpolitik, wa mer dës politesch Themen haut richteg upaken, da soen eis nofolgend Generatioune Merci. Dat sollt dann och deene Gréngen hiert Zil sinn.

Déi éischt dräi genannte Bléck sinn awer tatsächlech och nëmme wéineg Wäert, wa mer se just zu Lëtzebuerg probéieren ëmzesetzen. Wann a ganz Europa ee Réckschrëtt a punkto Mënscherechter kënnt, da wäert et enorm schwéier ginn ähnleches zu Lëtzebuerg ze verhënneren. Lëtzebuerg ass esou kleng, keng gréisser Internetfirma wäert sech dofir interesséieren, wa mer just hei déi strengste Gesetzer a Reegelungen hunn. A wa Lëtzebuerg bis 2050 komplett emissiounsfräi lieft, dann ass dat zwar absolut ze begréissen, mä et bréngt dem Klima häerzlech wéineg, wann all déi ronderëm eis einfach weider maachen ewéi bis elo.

Wouropper ech mat dësem, elo wierklech leschte Punkt nach wëll agoen ass, datt wann déi gréng déi wichtegst Zukunftsthemen och wierklech richteg a konstruktiv ugoe wëll, da muss d‘Partei konsequent, vun den Hoerspëtzte bis an déi kleng Zéif, pro-europäesch agestallt sinn. Näischt léisst sech eleng areechen, awer alles zesummen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.