esports: Ob „Sport“ oder net ass u sech (net) egal!

Den esports, also dat kompetitiivt Videospillen, kënnt einfach net méi aus de mediale Schlagzeilen eraus. Ob wéinst engem Investissement vum Michael Jordan, wéinst der Decisioun vu McDonald‘s, net méi déi däitsch Männerfussball-Nationalequipe ze sponseren, mä léiwer am esports aktiv ze sinn, oder wéinst der grad fäerdeg gespillter Weltmeeschterschaft a „League of Legends“. Ganz beléift an der (virun allem däitschsproocheger) Press ass dobäi d‘Fro, ob den esports dann elo ee „richtege Sport“ ass, oder eben net. Och wann ech d‘Diskussioun doriwwer selwer enorm spannend fannen, ass d‘Äntwert dorobber wierklech egal, well pur Symbolik.

Viru kuerzem huet den DOSB fir sech decidéiert, datt den esports kee Sport ass. Zu senger interner Diskussioun war den däitschen olympesche Sportbund duerch d‘Ukënnegung vun der däitscher Regierung, den esports wëllen als Sport unzëerkennen, méi oder manner gezwonge ginn. Och zu Lëtzebuerg ginn et Bestriewungen, fir den esports offiziell unzëerkennen, esou leeft nach bis den 21. November eng Petitioun zur Thematik (déi ech och ënnerschriwwen hunn). Mä wat bréngt et dann, wann ee vum Ministère „unerkannt“ gëtt? Et kritt ee virun allem Zougang zum Congé sportif an awer och méigleche Subsiden, fir déi dann awer nach eng ganz Rei aner Critère mussen erfëllt ginn, Critèren, vun deenen ech elo mol einfach behaapten, datt den esports zu Lëtzebuerg a sengem aktuellen Zoustand déi nach net kann (an eventuell souguer mol nach guer net wëll) erfëllen. Mir schwätzen hei also virun allem vun engem symboleschen Akt, deen sech zwar, an dat muss ech zouginn, richteg gutt ufille géing, mä näischt wier, wat den esports zu Lëtzebuerg elo esou direkt weiderbrénge géing.

Vill méi wichteg ewéi déi Symbolik ass et dofir menger Meenung no, lokal Strukturen opzebauen. Dofir brauch et op der enger Säit einfach motivéiert Leit, déi dobäi hëllefen, ewéi awer och Gemengen, déi engem dobäi uerdentlech ënnert d‘Aarm gräifen. An do kënnt dann den nächste Punkt, wisou den Titel „unerkannte Sport“ net wierklech eppes bréngt, wann nämlech d‘Gemengeresponsabel dat Computerspille fir eng Topegkeet halen, oder mat verschiddene Spiller einfach net averstane sinn – ech denken dobäi natierlech un Ego-Shooter – da wäerten déi bestëmmt keng Raimlechkeete mat gudder Internetverbindung dem eventuelle lokale Veräin zur Verfügung stellen.

Et gëllt also, déi 3-4 Gemengen ze fannen, wou déi politesch Responsabel net nëmmen oppe fir den esports sinn, mä e ganz proaktiv fërdere wëllen, an do da ganz klassesch Veräiner ze grënnen. Domadder léist sech dann no an no eng serieux a virun allem nohalteg lokal Szen opbauen, a mat dëser géing da menger Meenung no d‘Unerkennung vum Ministère sou oder sou kommen, einfach well en net méi do derlaanscht géing kommen.

An ech war eigentlech scho fäerdeg mam Blogpost, do hunn ech dës kuerz Ried vum dänesche Premierminister Lars Løkke Rasmussen bei engem esports-Event gesinn, wou virun allem ee Saz ervirzehiewen ass, nämlech „You are truly sportsmen!“. Esouguer als een, deen sech nëmmen als Fan vum esports gesäit, huet sech dee Saz esou gutt ugefillt, an ech hunn doduercher gemierkt, datt déi „pur Symbolik“ dann awer ee feste Wäert huet, och wann et näischt Direktes mat sech bréngt. Meng Iwwerschrëft ass dohigoend also falsch, et ass net egal, ob esports als Sport unerkannt gëtt oder net. Wat ech eigentlech mat dësem Post also wëll soen, ass, datt ech mengen, datt d‘Prioritéit zu Lëtzebuerg aktuell manner op där Diskussioun leie soll, mä vill méi um Opbaue vun der lokaler Szen. Déi géing dann nämlech all den Zweifler weisen, datt den esports net just en shiny Trend ass, iwwer deen ee grinse kann, mä eben eppes, wat tatsächlech eng Plus-Value fir d‘Gesellschaft kann hunn.

Mir liewe schliisslech an enger Gesellschaft, an där sech ëmmer erëm an ëmmer méi doriwwer beklot gëtt, datt „déi Jonk“ sech net méi um kulturelle Liewe bedeelegen a sech néierens méi engagéieren. Wann also da Jonker nei Veräiner grënnen, aner Jonker dozou beweegen sech hinnen unzeschléissen a matzehëllefen, dann ass am Fong eleng dat Grond genuch fir d‘Politik, den esports ze fërderen an och unzëerkennen!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.