(Tësche)Fazit zum méi spéide Schoulufank: Politesche Wëlle gefrot!

Enn lescht Joer hat ech eng Petitioun lancéiert , déi gefuerdert huet, datt d‘Lycéeën an Zukunft eng Stonn méi spéit ufänke fir esou engersäits dem alldeegleche Verkéierskollaps entgéint ze wierken an anerersäits op wëssenschaftlech Erkenntnisser ze reagéieren, déi soen, datt Jugendlecher méi fit, méi konzentréiert, méi gesond a méi leeschtungsfäeg sinn, wann se moies eng Stonn méi laang schlofe kënnen. Ech hunn dës Iddi a gläich e puer Medien dierfe virstellen, an hat zum Schluss knapp iwwer 400 Ënnerschrëfte gesammelt.

Nodeems d‘Petitiounsprozedur ofgeschloss war, hunn ech d‘Interessegruppe ronderëm de Lycée ugeschriwwen, spréch Proffegewerkschaften, Elterevereenegung, Schülergruppéierungen an eng Lycéesdirectioun fir hir Meenungen zu dëser Problematik gezielt ze kréien. Vu, datt ech just d‘Siicht vum Schüler kennen, wollt ech virun allem wësse wat fir d‘Proffen, Elteren, etc. eventuell Problemer wieren, wann d‘Schoulen dann eng gutt Stonn méi spéit géifen ufänken. Leider hunn ech misse feststellen, datt esou zimlech all vun dësen Organisatioune meng Ufro ignoréiert hunn, oder wann se mer geäntwert hunn, sech offensichtlech absolut net mat der Thematik ausenanergesat hunn. Och op meng Propos fir sech ze treffen, sou datt ech hinne kéint d‘Thema méi no bréngen, gouf net weider agaangen.

Ugeschriwwen hat ech folgend Organisatiounen: APESS, SEW, CNEL, UNEL, Féduse, FAPEL
Net geäntwert hunn: SEW, CNEL, UNEL, FAPEL
Eng (Net-)Äntwert zréckgeschriwwen hunn: APESS, Féduse

Dee ganze Prozess war fir mech tatsächlech zimlech frustréierend. Sou frustréierend, datt ech der Féduse – déi net dofir kann, datt all déi aner sech guer net zréckgemellt hunn – no hirer Äntwert, datt se sech „der Problematik bewosst wieren“ (ouni mir op d‘Fro ze äntweren, wat dann elo fir si d‘Problemer wieren) nach eng Kéier zréckgeschriwwen hunn, datt si sech och géingen iwwer d‘Regierung opreegen, wann se esou eng Net-Äntwert géinge kréien. Iwwerflësseg ze soen, datt ech vun der Féduse no där (villäicht ze) harscher Mail vu mir net méi zréckhéieren hunn.
Déi eenzeg aner Orga, déi mer nach geäntwert hat war d‘APESS, dat esouguer zimlech séier, nämlech innerhalb vun 2 Deeg. Si hätten sech awer roueg kënne méi Zäit huelen, well den Inhalt war zimlech dürfteg. 2 Sätz insgesamt, déi sech dann och nach widdersprach hunn. Si wiere keng Expären an der Bio (an der APESS si keng Biosproffen?!?), mä et géing sech jo trotzdeem d‘Wo halen, ewéi de Biorhythmus bei de Jugendleche wier, an dowéinst géingen se näischt vun engem méi spéide Schoulufank halen. Bon, op mannst op deem Punkt eng kloer Äntwert.

Ganz positiv ervirhiewe muss ech dann awer d‘Directioun vum Wëltzer Lycée. Vun hinne krut ech innerhalb vun 2 Stonnen 2 RDVe virgeschloe fir mam Direkter an der fir den Horaire zoustänneger Persoun ze diskutéieren. D‘Treffe war dann och ganz interessant an ech hunn dorausser matgeholl, datt ech den organisatoresche Volet vun enger eventueller Ëmstellung vläicht e bëssen ënnerschat hunn. Et ass zwar einfach an der Theorie en Horaire ze veränneren, mä do spillt schlussendlech net nëmmen de Schoultransport eng wichteg Roll, mä och wann de Lycée an hirer Mëttesstonn fir si wichteg Aktivitéiten ubitt, da sinn se och net esou frou fir déi méi kuerz ze halen. Och hunn se mer verzielt, datt et wuel enorm schwéier géing gi fir d‘Proffe vun engem méi spéide Schoulufank ze iwwerzeegen, well och ënnert hinnen der vill wieren, déi Mëttes esou fréi wéi méiglech heem wëllen, och dowéinst, well eng ganz Rei vun hinnen net direkt ronderëm de Lycée wunnt. Wéinst dëse ville Grënn wëllen si dann och net selwer d‘Initiativ huele fir de Lycée du Nord an Zukunft méi spéit ufänken ze loossen, si soten awer och, datt se sech net dergéint wiere géingen, wann esou eng Consigne aus dem Ministère kéim. Schliisslech ware mer eis eens, datt d‘Schoul an éischter Hisiicht fir d‘Schüler*innen do wier an een dowéinst déi vill wëssenschaftlech Etüde serieux sollt huelen. Si hu mer awer och nach eng aner cool Nouvelle konnte verzielen, nämlech datt den neie Klierfer Lycée seng Diere Moies réischt um halwer 9 wäert opmaachen. Aus anerer Quell krut ech gesot, datt dat nëmmen offiziell wéinst de wëssenschaftlechen Erkenntnisser wier, den eigentleche Grond awer dee wier, datt een de Schoultransport net anescht organiséiert krut. Trotzdeem sécherlech eng gutt Noriicht!

D‘Parteien hat ech net ugeschriwwe fir hir Meenung gewuer ze ginn, trotzdeem krut ech vun hinnen déi eng oder aner Äntwert, dat a Form vun enger Konsultatiounsdebatt an der Chamber. Den Nohaltegkeetsminister François Bausch hat nämlech den Deputéierten ënner anerem d‘Fro gestallt, ob een an Zukunft weider versiche soll d‘Kapazitéite vum ëffentlechen Transport ze erhéije fir d‘Spëtzestonnen ze packen, oder ob een net léiwer d‘Spëtzestonnen ausenanerzitt, a wann jo, wéi eng Mesuren dofir gutt wieren. De Minister selwer hat scho mol bei der Virstellung vun der Luxmobil-Etüd duerchblécke gelooss, datt hien et gutt fanne géing, wann d‘Schoule méi spéit géingen ufänke fir d‘Stroosse moies ze entlaaschten. Net iwwerraschend ass et dann och, datt seng Partei, déi gréng, an dëser Debatt dës Propose virgeschlo hunn an dat esouguer mat der „richteger“ Begrënnung. Beim Nolauschtere vum Josée Lorsché, wärend der Debatt, hat ech esouguer d‘Gefill, datt et aus engem vu mengem Texter déi ech zu dësem Thema geschriww hunn zitéiert huet, spréch d‘Virdeeler fir d‘Schüler*inne goufen ervirgehuewen.
Ofgesi vun deene Gréngen huet eigentlech just d‘CSV dovunner geschwat d‘Lycéeë méi spéit ufänken ze loossen, allerdéngs gouf explizit just „vun e puer an der Stad“ geschwat. De Spriecher vun der DP huet zwar och gesot, datt d‘Verännere vun de Lycéeshorairen eng Méiglechkeet wieren fir dem ville Verkéier moies entgéint ze wierken, ouni awer ze verrode wat d‘Positioun vu senger Partei dozou wier. All déi aner Parteien hunn d‘Fro an der Debatt komplett ignoréiert.

An da wollt ech eigentlech nach d‘Meenung vum Educatiounsminister Claude Meisch hei am Blogpost ënnerbréngen, an eigentlech sollt ech déi och schonn ee gudde Mount laang hunn, dat ass awer net de Fall. Ech hat nämlech meng Petitioun an eng sougenannte ‚pétition publique‘ ëmwandele gelooss, wou een dann normalerweis innerhalb vun engem Mount eng Äntwert vum Minister drop kritt, mä wahrscheinlech huet hien se mëndlech an der Petitiounskommissioun ginn an dovunner gëtt et nach keen ëffentleche Rapport. Ech wollt awer elo net nach méi laang mat dësem Artikel waarden, wäert awer déi Positioun hei nodroen, wann ech se da bis fonnt hunn.

Mäi perséinleche Fazit vun dësem ganzen Exercice ass schlussendlech awer ee positiven. All déi Responsabel mat deenen ech geschwat hunn waren zimlech oppe fir d‘wësseschaftlech Erkenntnisser an dësem Feld, an datt esouguer den Transportminister d‘Nohanneréckele vun de Lycéeshoraire gutt fënnt léisst op alle Fall hoffen. Wann et nämlech en Thema gëtt wou händeringend no méigleche Léisunge gesicht gëtt ass et an der Mobilitéit. Et wier zwar iergendwou traureg, wann dat duerno den Haaptgrond ass wisou dës Mesure ergraff gëtt, géing et dach just nees eng Kéier weisen, datt d‘Schüler*innen an hir Interessie fir d‘Politik keng Prioritéit duerstellen, schlussendlech ass et dann awer och egal wisou eppes gemaach gëtt, esou laang et tatsächlech gemaach gëtt.
Esou oder esou wäert awer hei politesche Wëllen ewéi och Courage vun de Politiker*inne gefrot sinn. D‘Schoul um 8 Auer ass eng Institutioun an eiser Gesellschaft, an d‘Leit sinn ëmmer zimlech emotional an der Diskussioun wann et ëm d‘Educatioun geet, ob se elo nach eppes domadder ze dinn hunn als Schüler*in, Proff oder Elterendeel oder och net. Och ass et mir guer net esou kloer, ewéi d‘Schüler*innen esou eng Ännerung selwer géinge gesinn, wëllen si dach och genuch Fräizäit Nomëttes hunn. Et wäert also wichteg sinn ewéi een als Politik d‘Diskussioun ugoe wäert. D‘Schüler*inne mussen heibäi an der Mëtt stoen an éischten Uspriechpartner sinn, wann een dann als Minister/Regierung och mat engem Plus rausgoe wëll.

Op alle Fall, ech wäert un der Thematik drubleiwen an iwwerall do fir ee méi spéide Schoulufank an de Lycéeë lobbyéieren, wou ech d‘Chance dofir kréien. Dat heiten ass also méi een Tëschefazit an ech melle mech natierlech nees, wann et erëm eppes Neies ze ziele gëtt!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.