Ettelbréck: Biergerbedeelegung ouni Wäert

Nieft enger gudder Informatiounspolitik ass eng eescht gemengte Biergerbedeelegung – virun allem op kommunalem Niveau – ee wichtege Pilier am Kampf géint Politikverdrossenheet an domadder och géint de Populismus. Zu Ettelbréck goufen et déi lescht Joren eng ganz Rei vu Méiglechkeete fir d‘Awunner*innen sech anzebréngen, wat absolut ze begréissen ass, just hapert et ëmmer erëm un der Ëmsetzung, esouwéi dem Eeschthuele vun esou Projeten.

D‘Place Marie-Adelaïde, besser bekannt als „Monopolsplaz“ ass dofir en éischt Beispill. Gouf en éischte Plang fir d‘Neigestaltung vun der Plaz, deen ënnert anerem een Iwwerdaache vum Terrain virgesinn hat, och duerch de Protest vun den Ettelbrécker*inne falegelooss, sou hat sech d‘Gemeng duerno dozou decidéiert eben d‘Leit ze froen, ewéi si sech d‘Plaz da géinge wënschen. Am Kader vu Workshops gouf 2015 festgehalen, datt aus dem aktuell, haaptsächlech aus Parkplaze bestoenden Terrain eng Plaz soll geschafe ginn, déi aluet fir sech als Bierger*in méi laang do opzehalen. Déi ronn 100 Parkplaze sollten zu engem ganz groussen Deel verschwannen, och well am Däich knapp 100 Meter méi wäit der genuch zur Verfügung stinn, an dofir méi grouss Terrasse fir d‘Caféeën a Restauranten, eng Spillplaz an e Sprangbur geschafe ginn, déi mat Hëllef vun engem klenge Grénggürtel vun de manner ewéi 20 geplangte rechtleche Parkplazen an der Strooss getrennt an domadder geschützt sollte ginn. De Gemengerot hat dem Plang esou och zougestëmmt an trotzdeem gëtt elo en Amenagement vun der Monopolsplaz virgeholl, deen iwwer 60 Parkplazen zeréckbehale wäert.

En zweet Beispill ass dobäi déi sougenannten Debatomap, déi am zweeten Deel vun 2017 online war fir d‘Leit ze froen ewéi si d‘Mobilité douce zu Ettelbréck mat konkrete Beispiller fërdere wëllen. Eng supper Initiativ u sech, an ech hunn och selwer méi ewéi eppes op der Plattform virgeschloen. De Problem hei ass awer, datt de Schäfferot scho viru Launch vun der Debatomap am Gemengerot vum 22. Mee 2017 hire Plang fir d‘Mobilité douce virgestallt huet an nach wärend der Consultatiounsphas och schonn ugefaangen huet Neel mat Käpp ze maachen. Se hunn esou hei zu Waarken ee Vëloswee bis bei d‘Clinique ufäerdege gelooss.

Verstitt mech net falsch, dee Wee ass richteg gutt (brauch just nach e puer Luuchten), mä wisou froen ech meng Awunner*innen no Iddien, wann ech jo dach schonn en eegene Plang hunn an och gewëllt sinn, deen esou ëmzesetzen. Dat ass iergendwou de Geck mat de Leit gema, déi sech jo awer d‘Zäit extra huele fir sech d‘Gedanken ëm d‘Zukunft vun der Gemeng ze maachen an der Hoffnung, datt hir Iddien och tatsächlech duerchdiskutéiert ginn.

Hoergenau dee selwechte Problem gëtt et dann och bei der „Visioun 2030“ vun Ettelbréck ze bekloen. D‘Iddi u sech ass nees gutt, méi wäit no vir kucken ze wëllen ewéi just zu den nächste Walen ass ëmmer méi ewéi begréissenswäert. Mä wann sech da weder un d‘Versprieche gehale gëtt, datt virum Summer 2017 nach eng schrëftlech Syntheese vun de gesammelten Iddie mam weidere Virgoen dovunner verëffentlecht gëtt – et gëtt bis haut keng – an dann och nach eng zentral Propose aus den organiséierte Workshops, nämlech d‘Primärschoul op eng aner Plaz ze verleeën, net mol méi serieux am Gemengerot diskutéiert ka ginn, well och hei nees de Schäfferot Neel mat Käpp gema huet an Terraine ronderëm di aktuell Primärschoul kaf huet, da muss ee wuel insgesamt leider zum Schluss kommen, datt esouwuel d‘Debatomap ewéi och d‘Visioun 2030 dann awer just alibiméisseg (Vir-)Walkampfaktioune waren.

Och wa mir Biergerbedeelegung op kommunalem Niveau enorm wichteg ass, sinn ech elo keen, dee seet, datt een näischt méi ouni den Accord vun den Awunner*inne maachen dierf. Wann dat esou wier, da bräichte mer keng Gemengewale méi ofzehalen, wou Parteie mat inhaltleche Walprogrammer untrieden.

Wann een awer d‘Leit dozou oprifft sech ze engagéieren, hir Zäit an eppes ze investéieren, a sief dat och just fir een Dag oder e puer Stonnen, da muss een dat och respektéieren an déi Iddien, déi dobäi erauskommen op mannst eng Kéier serieux diskutéieren. Mécht een dat nämlech net an et geheit een dee ganzen Effort ewech ewéi Dreck, da brauch een sech net ze wonneren, datt sech ëmmer manner Leit fir d‘Gesellschaft engagéiere wëllen, da brauch een sech net ze wonneren, datt Organisatiounen an Denkweisen ëmmer méi staark ginn, déi Politiker*inne vun alle Faarwe schlecht maachen, an da brauch een sech net ze wonneren, wa beemol Populist*innen optauchen an aus all deene Saache Profit zéien.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.