Klengen FAQ zur Petitioun fir ee Schoulufank um 9 Auer

Nodeems meng Petitioun mat enger Rei anere vun der Chamber fir ze Ënnerschreiwe fräigeschalt gouf, hunn déi meescht Medie meng méi präsent erwäänt, meeschtens esouguer schonn an der Iwwerschrëft. Ech hunn d‘Petitioun am Journal méi genau dierfe virstellen a gouf mëttlerweil och vum Radio 100,7 dozou interviewt.

Natierlech goufen et dann och eng ganz Rei vu kritesche Reaktiounen op meng Iddi d‘Schoul méi spéit ufänken ze loossen, ob déi ech elo hei méi genau wëll agoen.

Diese Diashow benötigt JavaScript.

Wat ech am Meeschte gelies hunn ass, datt wann de Lycée jo eréischt um 9 Auer ufänkt, d‘Schoul och Mëttes eng Stonn méi laang muss daueren. D‘SchülerInne wieren dann oft eréischt um 5 fäerdeg an no 6 Auer doheem, an do wier dann natierlech keng Zäit méi fir Hobbyen an aner Saachen.

Et ass zwar richteg, datt een iergendwou di Stonn déi een tëscht 8 an 9 verléiert muss nohuelen, et ass awer falsch den aktuelle Schoulhoraire ze huelen an se einfach hanne bäizefügen. Wann de Schoulhoraire esou ee fundamentale Wiessel kritt a eréischt um 9 Auer ufänke soll, da wäert och iwwer de Recht jeeweils mussen diskutéiert ginn. Et sollt dobäi dann awer kee gréissere Problem sinn, de Schoulhoraire esou unzepassen, datt d‘SchülerInnen net bis 5 Auer an de Course sëtzen. De Lycée Classique zu Dikrech huet (oder hat mol zumindest) beispillsweis all Dag vun 8 bis 14:10 Auer Cours. Wann een dëse Rhythmus géing bäibehalen an op den neien Horaire géing iwwerhuelen, wier spéitstens um 15:30 all Dag d‘Schoul eriwwer.

D‘Remarque déi ech soss nach iwwerall gelies hunn, ass jo datt de Verkéier tëscht 8 an 9 deelweis nach méi schlëmm wier, an d‘Verréckele vum Schoulufank näischt brénge géing.

Fir d‘éischt wëll ech hei mol meng initial Iddi nach eng Kéier méi genau erklären. Wann d‘Schoulen eréischt um 9 ufänken, da sinn an den Zich a Busser tëscht 7 an 8 méi Plaze fräi, déi dann vun de Leit, déi fir 8 Auer schaffe musse goen an soss ëmmer mam Auto gefuer si besat kënne ginn. Doriwwer eraus huet den Nohaltegkeetsministère d‘lescht Woch eng grouss Etüd virgestallt, déi weist, datt no 8 Auer vill manner Leit insgesamt ënnerwee sinn. Doduercher, datt also virun 8 méi Leit déi schaffen den ëffentlechen Transport wäerten huelen, gëtt de Stau net grad esou schlëmm a léist sech dann och schonn däitlech virun hallwer 10 nees op. Et mécht also duerchaus Sënn a punkto Trafic, d‘Schoule méi spéit ufänken ze loossen. Eng Iwwerleeung déi den Nohaltegkeetsminister iwwregens deelt, wéi en bei der Virstellung vu besoter Etüd matgedeelt huet.

luxmobil

Dann hunn ech nach direkt op 2 Plaze gelies, datt et jo anscheinend „allgemeng bekannt wier“, datt Jugendlecher Moies fréi am Beschte schaffe kéinten an een dowéinst d‘Schoulen op kee Fall méi spéit ufänken dierften. Eng aner Remark war, datt déi Jugendlech sech esou fréi wéi méiglech sollten un de Schaffrhythmus gewinne sollten, an d‘Schoulen dowéinst weider um 8 ufänke sollten.

Hei komme mer elo zum eigentleche Grond wisou ech d‘Petitioun agereecht hunn, nämlech zum Biorhythmus vu Jugendlechen an ewech vum Beruffstrafic. Et ass einfach falsch ze behaapten, datt déi Jugendlech Moies fréi am Leeschtungsfäegste wieren. Bestëmmt méi wéi eng Dose wëssenschaftlech Studie soen de Géigendeel. Doriwwer eraus hunn déi Studien erausfonnt, datt Jugendlecher eben een anere Biorhythmus hunn ewéi Erwuessener. Et mécht also absolut kee Sënn an dësem Fall Jugendlecher, déi an d‘Schoul gi mat Erwuessenen, déi schaffe gläichzesetzen. Se sinn aneschters, a sollten dowéinst och ënnerschiddlech behandelt ginn.

Jugendlecher, déi eréischt fir 9 an d‘Schoul mussen an doduercher méi laang schlofen dierfen, hunn net nëmme besser Resultater, mä sinn och méi gesond, méi zefridde mam Liewen, manner depressiv a schwänzen d‘Schoul manner oft. Aus der Siicht vun der Wëssenschaft gëtt et also kee Grond wisou d‘Lycéeën hei am Land net méi spéit ewéi aktuell ufänke sollten.

Link zur Petitioun

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.