Loosst d‘SchülerInne méi laang schlofen!

D‘Schoul fänkt all Dag um 8 Auer un. Dat war hei zu Lëtzebuerg héchstwahrscheinlech nach ëmmer esou an huet sech dowéinst wuel an all eise Käpp esou festgebrannt, datt mer iwwer dës Auerzäit ni diskutéieren, sief dat bei enger gréisserer Schoulreform op Landesniveau oder esouguer da wann an de Schoulen den Horaire un nei Gegebenheeten ugepasst soll ginn.

Meng Petitioun, déi een ëm eng Stonn méi spéide Schoulufank an de Lycéeën zu Lëtzebuerg fuerdert, soll dobäi en éischte Schratt aus dëser festgefruerener Denkweis sinn a mëttelfristeg dozou féieren, datt déi Jugendlech tatsächlech eng Stonn méi laang schlofen dierfe befir se an d‘Schoul mussen.

D‘Wësseschaft weist ganz däitlech, datt ee méi spéide Schoulufank de Jugendlechen enorm ze gutt kënnt.

Mä wisou sollten d‘Schüler an d‘Schülerinnen dann eng Stonn méi laang schlofen, a wisou fokusséiert sech dës Petitioun just op d‘Lycéeën an net all Schoul?
De Grond ass, datt sech de sougenannte Biorhythmus, also déi bannenzecht Auer, am Jugendalter verännert, si verréckelt sech nämlech no hannen. Ass ee Kand am Alter vun 9 Joer um 8 Auer Moies fit genuch fir uerdentlech an der Schoul opzepassen an nei Saachen ze léieren, esou ass ee Jugendlechen am Alter vu 15 dee Moment nach am Gaange richteg waakreg ze ginn an ass eben net esou leeschtungsfäeg ewéi en eigentlech an der Schoul sollt sinn. Dës Verännerung vum Biorhythmus ass vu ville wëssenschaftleche Studien am Ausland empiresch bewisse ginn, esou datt beispillsweis d‘„Deutsche Gesellschaft für Schlafforschung und Schlafmedizin“, d‘selwescht ewéi meng Petitioun, ee méi spéide Schoulufank fir Jugendlecher fuerdert.

Déi selwescht Studie weisen dann och, datt LycéesschülerInnen, deenen hire Schoulufank méi spéit ass, och tatsächlech an der Schoul signifikant besser ofschneiden. Eng hallef Stonn méi laang schlofe kann d‘Leeschtungsfäegkeet ëm bis zu 40% verbesseren. Ganz dovunner ofgesinn, datt SchülerInnen, déi méi laang schlofen dierfen sech besser fillen, méi gesond sinn an och manner de Cours schwänzen.

Nieft dem Notze fir d‘SchülerInnen hätt ee méi spéide Schoulufank awer och en Notze Moies am Beruffstraffic. Vue datt déi Jugendlech réicht eng Stonn méi spéit an d‘Schoul mussen, bleiwe virun 8 Auer méi Plazen am Effentlechen Transport fir d‘Leit déi op hir Aarbecht mussen, wat dobäi hëllefe kann de lëtzebuergesche Mobilitéitsproblem während dem Beruffstraffic ze léisen.

D‘Wësseschaft weist ganz däitlech, datt ee méi spéide Schoulufank, a wann et duerno just eng hallef Stonn an net ganz Stonn ass, de Jugendlechen enorm ze gutt kënnt an domadder egal wéi mëttel- a laangfristeg gesinn eis als ganz Gesellschaft. Wisou sollte mer also weiderhin dorobber insistéieren hinnen d‘Liewe schwéier ze maachen? Et mécht kee Sënn!

Link zur Petitioun

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.