Mäin Austrëtt aus der Piratepartei

No (ze) ville Méint Iwwerleeën, Nokucken a versichen dat Bescht aus der Situatioun ze maachen, sinn ech dësen August no bal 8 Jore Memberschaft aus der Piratepartei ausgetrueden.

Dat Wichtegst um „Politik maachen“ war mir ëmmer de Spaass un der Saach. Jo, Politik ass kee Spill, ech wollt awer ëmmer iergenswou meng Freed drun hunn mat anere Leit zesummen Iddien auszedenken, Projeten auszeschaffen a Visiounen ze entwéckelen. Dat ass just leider säit gutt 2 Joer net méi an der Piratepartei méiglech. Op d‘mannst fir mech. Ech ka kee Spaass an enger Organisatioun hunn an där total Respektlosegkeet a Mobbing net just toleréiert gëtt, mä oppen ausgeliewt a souwuel vun Deeler vun der Basis wéi vun der Parteispëtzt matgedroen an ënnerstëtzt gëtt.

Fir ze verstoen wéi et esou wäit komme konnt, muss een e bësse méi wäit zréckgoen. Menger perséinlecher Analys no huet dat ganzt am Nationalwalkampf 2013 säin Ufank geholl. Éier ech elo awer an d‘Detailer ginn, wëll ech betounen, datt dat heite meng ganz perséinlech Siicht op d‘Saach ass. Aner Piraten hu vläit eng aner Vue, déi net onbedéngt muss falsch sinn. Meng ass vun dohir och net per se „richteg a wouer“, mä subjektiv baséierend op Fakten.

Also, am Laf vun der Zäit, a virun allem während dem Nationalwalkampf, hunn sech am Bezierk Süden eng ganz Reih tëschemënschlech Problemer gebild. (Ech perséinlech hu bis haut na net kënnen novollzéien, wat do deemols genau geschitt ass.) Dës hunn dozou gefouert, datt verschidde Piraten no de Chamberwalen ausgetruede sinn oder méi spéit dowéinst fir eng Zäit inaktiv gi sinn. (Ech schwätzen hei iwwregens net iwwer de „Fall Castiglia“.) Vill vun dene Problemer hunn sech haaptsächlech ronderëm d’Persoun Marc Goergen gedréint. Réckbléckend hätt een deemols onbedéngt déi Problemer missen uschwätzen an aus dem Wee raumen. Dat gouf awer net gema, wat ënner anerem och meng Schold ass. D’Europawale stoungen direkt virun der Dier, an déi hunn nunmol misse präparéiert ginn.

Doduercher datt mer ni als Grupp deen Debriefing haten an ni intern beschwat gouf wat virun allem falsch gema gouf, huet een eng Dier liicht opgestouss, déi Plaz gema huet fir weidert Feelverhalen.

D‘Problemer sinn dann och lues a lues ëmmer méi grouss ginn. Iergenswann ware mer dann als ee gréissere Grupp vun aktive Piraten esou wäit, datt mer den M. Goergen net méi als Vizepresident vun der Partei wollten hunn. Aus menger perséinlecher Siicht war en do dernieft och ze populistesch a senge Kommunikatiounen no baussen an iergenswéi hat ech schonn eng Zäitchen d’Gefill, datt hien iergendee Problem mat mir hat, obwuel mer ni ee Sträit oder Ausnenanersetzung haten an trotz mer a ganz ville Prinzipiefroen enger Meenung waren a wahrscheinlech och nach ëmmer sinn.

Bis heihinner ass eigentlech nach näischt Gréisseres, ofgesin vun där Affär am Nationalwalkampf, geschitt. Et ass elo och näischt Extraordinäres wann d‘Basis, aus wéi enge Grënn och ëmmer, seng Leit un der Spëtzt austausche wëll. Eis huet am Fong just ee passende Kandidat gefeelt fir de M. Goergen a senger Positioun ofzeléisen.

An do kënnt de Sven Wohl an d’Geschicht eran. An der Partei war hie keen Onbekannten duerch seng fréier Aarbecht beim Journal, an trotz oder grad wéinst sengem relativ neien Antrëtt an d’Partei war hien och vun Ufank un zimlech engagéiert, sou datt hien fir de Präsidium, als einfache Member, wollt kandidéieren. No deem engen oder anere Gespréich, a wuel och well hien d’Problemer ronderëm den M. Goergen kannt huet, huet den S. Wohl sech an der Woch virum Kongress dozou entscheed och fir de Poste vum Vizepresident ze kandidéieren.

Um Kongress zu Péiteng, spréch an der Heemechtsgemeng vum M. Goergen, sinn dann Saache virgefall, déi de schwelende Sträit eskaléiere gelooss huet. Virun allem gouf keng eenzeg Kandidatur vun engem Member aus dem Bezierk Süden fir den Nationalpräsidium zréckbehalen. Engersäits huet de M. Goergen d’Wal zum Vizepresident (relativ kloer) géint de S. Wohl verluer, an ass trotz zweefachem Nofroe, och vu mir, fir kee weidere Posten ugetrueden. Anerersäits sinn de J. Weber a C. Liesch – deels méi, deels manner knapp – net als einfache Präsidiumsmember gewielt ginn. Sou datt de Kongress am Fong den ale Präsidium, mat der Ausnahm vum Vizepresident, an hirem Rôle bestätegt huet. Wat awer bal fir méi Opreegung an de Reihe vum Süde gesuergt huet ass de Fait, datt eng Partie Leit aus dem Norden, dorënner och ech, Procuratioune vu Memberen derbäi haten, déi net op Péiteng komme konnten. Déi Opreegung ass esou wäit gaang, datt ë.a. vun engem „Coup d’Etat vum Norde“ geschwat gouf, an e puer Memberen, dorënner de M. Goergen den Dag nom Kongress aus der Partei ausgetruede sinn. Ech wëll awer och betounen, datt zu kengem Zäitpunkt um Kongress iwwer Bezierker an hir (Net-)Präsenz am Präsidium ugeschwat gouf. Sou ass et mir och réischt um Heemwee opgefall, datt jo keen aus dem Süde gewielt gouf. Dat ass awer eigentlech och net schlëmm, well et nieft dem Nationalpräsidium, wou menger Meenung no déi Leit sëtze sollen, déi d‘Partei am politeschen Alldag am Beschte repräsentéieren an di alldeeglech Saachen am Beschten gemeeschtert kréien, nach déi sougenannte Parteileedung gëtt, wou d‘Bezierker alleguerte vertruede sinn an déi di grouss a wichteg Décisiounen geholl solle ginn.

Lo verstinn ech, datt een sech, esou wéi dat Ganzt ofgelaf ass, iwwerrumpelt fille kann. Kandidatur réicht kuerz virum Kongress bekannt ginn an dann bréngen deem seng EnnerstëtzerInnen och nach Procuratioune mat (an ee selwer net). Dat Alles entschëllegt (oder erkläert) awer op kee Fall all di perséinlech Attacken an de Stonnen, Deeg, Wochen a Méint duerno géint virun allem de S. Wohl, awer och géint mech oder aner vëlleg onbedeelegt Piraten.

D’Opreegung war kuerz nom Kongress esou grouss, datt direkt fir de Méinden duerno op eng Sëtzung invitéiert gouf fir ë.a. iwwer ee Fuerderungskatalog vun den ausgetruedene Memberen ze diskutéieren. An deem Katalog gouf sou wuel gefuerdert d’Demokratie an der Partei ofzeschafen (just de Bezierk Süde, mat 2 Ausnamen, sollt de Vizepresident stellen dierfen an et sollt dozou zousätzlech nach een Zweete vum Süden an de Präsidium mussen), wéi eng ganz Reih finanziell Extrawurschte fir de Bezierk Süden an och nees perséinlech Attacke géint eenzel Memberen. Esou gouf mir a menger Funktioun als Pressebeoptragten d’Vertraue vun M. Goergen a co. komplett entzunn, obwuel an de Méint virdrun ni och nëmmen déi kléngste Kritik u menger Aarbecht u mech erubruecht gouf an esou wuel Pressematdeelungen ewéi Pressekonferenzen ëmmer vun engem M. Goergen mat accordéiert goufen. D’autant plus hunn si zouginn, datt si eng „schwaarz Lëscht“ mat onerwënschte Leit an der Partei féieren (wou implizit de S. Wohl, de P. Backes an ech dropstoungen a stinn).
D’Resultat vun der Sëtzung war ee wackelege Kompromëss, deen ë.a. festgehal huet, datt mer eis Suen innerparteilech anescht verdeelen, spréch d’Bezierker méi ze gutt hunn, datt mer d’Zesummesetzung vum Präsidium via Statutereform änneren fir eng gewësse Bezierksrepräsentatioun ze garantéieren (eng Iddi war, 4 Vizepresidenten, 1 fir all Bezierk), Procuratiounen ofschafen an do dernieft hunn ech meng Pressebeoptragung zur Verfügung gestallt. Dat ass den ausgetruedene Memberen duergaangen fir no an no nees an d’Partei anzetrieden.

schwaarzlescht
„D’Léisungsvirschléi“ am Pad

Ech muss hei awer och soen, datt ech bis haut net wierklech verstanen hunn, wisou mer mat Leit iwwer parteiintern Saache verhandelt hunn, obwuel se zu deem Ament net méi Member waren. No bausse gouf dës ausseruerdentlech Sëtzung iwwregens esou duergestallt, datt mer iwwer eis Fraeproblematik géifen diskutéieren, déi Thematik gouf awer zu kengem Ament ugeschwat a war och ni Deel vum Agenda.

Waren d’Memberen aus dem Bezierk Süden déi gréisste Fuerderer a Saachen Statutenännerung ewéi Finanzverdeelung, sou ass vun do aus ni eng Propose erakomm, sou datt bis haut keng Statuten geännert goufen, a just ee Finanzplang ofgestëmmt gouf dee vum Trésorier a mir proposéiert gouf (un deem awer natierlech Kritik geübt gouf).
An all der Zäit nom Kongress gouf dann och aus dem Süde keng Chance verpasst fir weider parteiëffentlech perséinlech Attacke géint de S. Wohl ze fueren, eppes wat ech als Mobbing betruecht hunn. Wat mech dobäi awer nach bal méi schockéiert ass, datt si dobäi gewärde gelooss huet, obwuel oft genuch vu verschiddene Leit op de serieuxe Problem opmierksam gemaach gouf. Schlussendlech sinn si souguer vun der Partei op engem aussergewéihnleche Kongress mat engem nei gewieltene Präsidiumsposte belount ginn, nodeems een anere Präsidiumsmember aus perséinleche Grënn zréckgetruede war.

Et ass virun allem dat Lescht wat mech dozou bruecht huet mech ze froen ob ech weiderhin der Partei wëll ugeheieren oder net. Ech wëll a wollt ni an enger Organisatioun Member sinn, wou Erpressung a Mobbing net nëmme passiv geduldet ginn, mä och nach aktiv belount. Ech wollt deene Leit awer och ni kampflos déi Partei iwwerloossen, déi ech a gewëssenem Mooss mat opgebaut hunn. Dat eigentlecht Zil vu mir war et dowéinst fir zu Ettelbréck bei de Gemengewalen eng eege Lëscht opzestellen, an dat beschte Pirateresultat am Land ze kréien fir esou meng Positioun an der Partei ze stäerken, an dann villäicht iwwer dee Wee nees Uerdnung an d‘Partei ze kréien. Mol vun deem ganze Schäiss ofgesinn, wollt ech zu Ettelbréck nei Impulser setzen, an och mol nees sou richteg Spaass un der Politik hunn.

Et ass awer leider esou komm wéi et komm ass. Meng Motivatioun fir eppes zu Ettelbréck ënnert dem Numm vun de Piraten opzebauen vun Dag zu Dag méi kleng ginn. Wou ech dann vun deene meeschte Leit, déi ech gefrot hunn fir mat op d‘Lëscht ze kommen, zimlech direkt eng Ofso dozou krut hunn, war d‘Motivatioun sou zimlech am Keller a krut se och nemei opgebaut.

Schlussendlech sinn ech dann elo am August aus der Partei ausgetrueden, hu mat dësem Blogpost awer bis no de Gemengewale gewaard fir net deene Leit an der Partei de Walkampf futti ze maachen, déi sech déi lescht Joren dofir richteg den Aasch opgerappt hunn, an trotz allen interne Problemer versicht hunn, déi eigentlech piratesch Valeuren intern ewéi extern héich ze halen. Leider ginn net déi Leit gestäerkt aus de Walen ervir, mä de Grupp ronderëm den M.Goergen.

Wéi et elo mat de Pirate virugeet? Ech weess et net. Ech gouf awer drop opmierksam gemaach, datt vir a ganz noer Zukunft eng Diskussiounsronn vun deene Leit geplangt ass, déi di lescht Jore schonn ëmmer erëm versicht hunn d‘Partei intern op de richtege Wee zréckzeféieren, fir (villäicht?) ee leschte Versuch ze starten d‘Partei ze retten. Och wann ech ausgetruede sinn, sou wäert ech déi Leit esou gutt et geet dobäi ënnerstëtzen. Lëtzebuerg brauch schliisslech och 2017 ëmmer nach eng Partei, déi sech fir d‘Mënscherechter an eng nei sozial Visioun hei am Land asetzt.

Ein Gedanke zu “Mäin Austrëtt aus der Piratepartei

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.