An 22 vu 46 Proporzgemenge gëtt de „Wielerwëllen“ mëssuecht!

Dëser Deeg gëtt et zu Lëtzebuerg just een Thema: de Wielerwëllen! Do kann ech mer et einfach net huele loosse meng eegen Iwwerleeungen dozou nidderzeschreiwen. Mir geet et heibäi awer net ëm iergendwellech Koalitioune mat oder géint di stäerkste Partei, oder datt den Éischtgewielten net Buergermeeschter gëtt. Déi Decisioun hunn elleng déi gewielte Gemengeréit ze huelen, ganz simpel.

Nee, mir geet et beim „Wielerwëllen“ ëm d‘Walresultat u sech, a wat duerno dorausser an der Sëtzverdeelung erauskënnt. D‘Sëtzverdeelung soll nämlech esou gutt ewéi et nëmme geet dat Walresultat erëmspigelen, a wann se dat net mécht, jo da gouf de Wielerwëllen tatsächlech net respektéiert. Doriwwer soll een sech opreegen.

Ech hunn op dëser Plaz scho méi oft iwwer eisen (nationale) Walsystem gebloggt a mech dobäi ënner anerem iwwert eise Sëtzverdeelungsmechanismus opgereegt. Dee selwechte System gëtt och op Gemengenniveau benotzt a verzerrt och op dësem Niveau d‘Walresultat zu Ongonschte vun de méi klenge Parteien an hire WielerInnen. Dat leider net just an enger, mä direkt an 22(!) vu 46, also quasi an der Halschent vun alle Proporzgemengen. An iergendwéi interesséiert dat keen, verréckt!

An der Linklëscht hei drënner sinn all déi Gemengen ze fannen, wou et eng méi resultatsno Sëtzverdeelung, ewéi déi di elo di nächst 6 Joer existéiert, méiglech gewiescht wier. Enner „d‘Hondt“ steet di elo reell Sëtzverdeelung, ënner „Hare-Niemeyer“ di Beschtméiglech. Am Link an de Klammere sinn di zwou Sëtzverdeelungen nach eng Kéier prozentual ausgerechent a géinteniwwergestallt jeeweils fir ze weisen, datt „Hare-Niemeyer“ och wierklech ëmmer di Bescht ass. Lénks ass Hare-Niemeyer, riets d‘Hondt, a jeeweils drënner fënnt een d‘Duerchschnëttsofweichung vum Resultat.

Clervaux (Preuve) Käerjeng(Preuve) Remich (Preuve)
Diekirch (Preuve) Kehlen (Preuve) Sanem (Preuve)
Differdange (Preuve) Lorentzweiler (Preuve) Steinfort (Preuve)
Dippach< (Preuve) Luxembourg-Ville (Preuve) Strassen (Preuve)
Dudelange (Preuve) Mamer (Preuve) Troisvierges (Preuve)
Esch/Alzette (Preuve) Mondorf-les-Bains (Preuve) Walferdange (Preuve)
Hobscheid (Preuve<) Pétange (Preuve) Wiltz (Preuve)
Hesperange (Preuve)

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.