Ettelbréck brauch… ee Wiessel!

Am Fong hätt ech enorm vill zur Zukunft vun Ettelbréck ze soen an eigentlech hat ech jo och Wëlles all déi Saachen am Walkampf mat menger eegener Lëscht a mengem eegene Programm ze presentéieren, mä vue datt dat leider net geklappt huet (d‘Grënn verzielen ech Dir eng aner Kéier) muss ech mech elo hei op e puer Punkte konzentréieren. Ech géing mech immens doriwwer freeën, wanns Du Dir iwwer dës 3 Saache géings Gedanke maache bevirs Du Däi Choix fir d‘Gemengewalen trëffs.

1. Ettelbréck brauch d‘Nordstad!

Ouni eng koordinéiert Nordstad wäerte mir zu Ettelbréck eis gréisser Problemer ewéi déi vum alldeegleche Verkéiersproblem oder dem falende Sécherheetsgefill net geléist kréien. Als gemeinsam Unitéit – a mat enger gemeinsamer Stëmm schwätzend – kënne mir dës Problemer vill besser ugoen ewéi mir dat haut an eisem lokale Kleng Kleng hikréien. Mir kënnen dann nämlech net nëmme Pläng zesummen ausschaffen, mä mir kënnen och sécherstellen, datt se genau esou ëmgesat ginn ewéi mir eis dat ausgeduecht hunn. Och ass dann d‘Prioritéit dovunner iwwerall gläich.
Nieft dem Léise vu Problemer vun Haut kënne mir zesummen och vill besser eis gemeinsam Zukunft plangen, sief dat zum Erhale vun der Liewensqualitéit oder vun neie Wunnengsquartieren, an dat da mat engem kohärente Virgoen um ganzen Territoire vun der Nordstad. Esou ginn dann Haut schonn d‘Problemer vu muer verhënnert.

Ettelbréck ass kleng, d‘Nordstad zwar net riseg, mä schonn däitlech méi grouss. Alleng geet et net méi. Loosst eis zesummeschaffen. Loosst eis fusionéieren, an dat elo an net réischt an 10 Joer!

2. D‘Nordstad brauch PolitikerInnen déi Courage hunn!

Eng Nordstadfusioun, esou naiv sinn ech net, léist net einfach esou all eis Problemer. D‘Problemer gi geléist wann op deene richtege Plazen déi richteg Leit mat de richtegen Iddie sëtzen.
Mir brauchen an der Nordstad PolitikerInnen, déi keng Angscht hu fir mol eng Kéier mat der Fauscht op den Dësch vun der nationaler Regierung ze schloen, an dat och ëffentlech. Ech perséinlech ka mech net drun erënneren, datt dat iergendeen an der Nordstad di lescht Jore mol eng Kéier gema hätt, an dobäi ginn et genuch Sujete wou et noutwendeg wier.
Mir brauche PolitikerInnen, déi keng Angscht hu fir Projeten oder Visiounen ze lancéieren, déi vläicht mol deen een oder anere Wieler verschrecke kéint. Et kann een net jiddereen ëmmer komplett zefridden a glécklech halen. Dat geet net. Progrès huet nach ëmmer e puer Schierbelen zerbrach fir dann eppes vill Besseres ervirzebréngen.

Dat heescht iwwregens net, datt et duer geet ee Buergermeeschter/eng Buergermeeschtesch oder en Schäfferot ze hunn, deen dat do op sech vereenegt. An enger Demokratie ass et genau esou wichteg eng kompetent, staark a couragéis Oppositioun ze hunn. Nëmmen duerch d‘inhaltlech haart gefouert Diskussiounen tëscht deenen zwou Säite kënne mer d‘Potenzial vun der Nordstad komplett ausnotzen.

3. D‘Nordstad brauch Informatiounen!

Eng Gemeng, oder ee Verbond vu Gemenge besteet dobäi net nëmmen aus Schäffen- a Gemengerot. Mir, d‘BiergerInnen, déi op dësem Territoire wunne sinn d‘Nordstad. Ouni eis geet näischt. Ee Buergermeeschter/eng Buergermeeschtesch kann nach esou vill an esou gutt Iddien hunn wéi e wëll, wa mir net matmaachen, net kritiséieren, net ënnerstëtzen, net driwwer diskutéieren, da geet dat alles net. Fir dat awer alles maachen ze kënne wat ech elo do opgezielt hunn, brauche mir d‘Informatiounen zu dëse Projeten an Iddien.

https://klotiiisblog.wordpress.com/2016/02/11/dettelbrecker-net-informatiounspolitik/Zu Ettelbréck huet dat mat der Informatiounspolitik guer net geklappt. A wann ech esou nolauschteren, war et zu Dikrech net esou vill besser.

Eng gutt Informatiounspolitik heescht dobäi net, datt et duer geet mol heiansdo eng Biergerversammlung ze maachen, wou een da mat esou villen neie Saachen an annerhallwer Stonn zougebombt gëtt, datt een zum Schluss vun eben dëser net wierklech eppes ze soe weess, dat awer och di eenzeg a lescht Chance war de Projet ze kritiséieren oder ze hannerfroen.

Eng gutt Informatiounspolitik bedeit, datt een als Gemeng dauernd mat senge BiergerInnen a Kontakt ass an hinnen esou engersäits déi Informatiounen zoukomme léist, déi mir brauche fir eisen Alldag ze meeschteren (Chantieren, etc.) ewéi och anerersäits mat eis op Aenhéicht iwwer zukünfteg Projeten ze diskutéiere – an dat scho bevir se fäerdeg geplangt goufen an däitlech befir ee Vote am Gemengerot soll sinn. Mir als BiergerInne mussen d‘Méiglechkeet hu scho virun enger Versammlung all wichteg Donnéeën an Dokumenter kënnen ze liesen déi zum Thema wichteg sinn, esou datt mer op deene Versammlunge sief et intelligent Froe stellen, oder awer pertinent an informéiert Remarquë kënne maachen. Ansonste sinn esou Veranstaltungen éierlech gesot pur Zäitverschwendung.

Kuerz, mir brauchen nom 8. Oktober Mënschen an der Verantwortung vun eise Gemengen, déi grouss denke kënnen, keng Angscht hunn déi Gedanken auszeformuléieren a se schlussendlech mat eis, senge BiergerInnen op Aenhéicht ze diskutéieren.

Wien elo tëscht den Zeilen (oder awer den Titel) liese kann, deen huet wahrscheinlech gemierkt, datt ech all di Saachen do net deenen zoutrauen déi grad an der Verantwortung setzen. Se hate jo och di lescht 6, verschiddener souguer di lescht 12 Joer Zäit fir mir an eis de Géigendeel ze beweisen. Se hunn dat leider net gemaach.

Dowéinst, wanns Du mech frees, brauch Ettelbréck, oder vill besser d‘Nordstad ee Wiessel. Ech kann net verspriechen, datt aner Leit, aner Parteien, aner Koalitiounen, déi 3 vu mir genannte Punkte gutt ëmsetze kënnen. Ech kann Dir awer garantéieren, datt déi di grad do sëtze keng esou radikal Korrektur wäerte kënne/wëlle virhuelen. Dofir wier ech méi ewéi frou, wanns Du Dech dofir decidéiere géings anere Leit eng Chance ze ginn eis Nordstad ze enger besser Plaz ze maachen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.