Ettelbréck: Wëll da kee meng Stëmm?

Den Dag wou ech dëse Blogpost schreiwen ass de Sonnden, den 10. September. Den 8. Oktober, also a manner ewéi engem Mount sinn d‘Gemengewalen. Een Dag no offiziellem Walkampfoptakt huet schonn all Partei zu Ettelbréck Plakater opgestallt oder opgepecht an d‘Kandidéierendelëschten si schonn deelweis am Mee verëffentlecht ginn. Mä nach keng Partei déi zu Ettelbréck an d‘Course geet huet bis elo hire Walprogramm verëffentlecht.

Ech verstinn di Prioritéitesetzung net.

Politik an d‘Walen, op egal wéi engem Niveau, sinn oder sollten d‘Competitioun vun den Iddie sinn. Dës Iddie gi vun de Parteien a sougenannte Walprogrammer zesummegeschriwwen. Lo hunn ech mëttlerweil akzeptéiert, datt d‘Kandidéierend ähnlech wichteg sinn ewéi dee Programm. Mä an ee Walkampf starten ouni datt och nëmmen 1 vun de verschiddene Parteien hire Programm verëffentlecht huet ass fir mech absolut inakzeptabel an net verständlech.

Si mer zu Lëtzebuerg elo wierklech op deem Punkt, datt d‘Programmer an domadder d‘Iddien an d‘Projete vun de Parteien esou egal gi sinn, datt just nach d‘KandidatInnen zielen? Si mir als WielerInnen esou iwwerflächlech, datt et eis just nach drëms geet, datt de Buergermeeschter / d‘Buergermeeschtesch gutt grinse kann a reegelméisseg Moie seet, wann een e gesäit? Oder sinn dat just d‘Gedanke vun de Parteie par Rapport hire WielerInnen?

Mäi ganz perséinleche Problem ass, datt ech via Bréifwal wiele muss op Grond vu menge Studien am Ausland. Ech muss mäi Choix also schonn däitlech virum 8. Oktober gema hunn, an obwuel ech eng kloer Iddi am Kapp hunn wien ech wiele wäert, sou wëll ech mir awer d‘Zäit huelen d‘Programmer vun de 4 Parteien duerchzekucken. Sou wéi et sech gehéiert wëll ech schliisslech en informéierte Choix maachen a mech eben net op „Mengen“ an „Héiere-Soen“ verloossen.

Hätt ech op d‘mannst elo d‘Chance nach krut ob en Informatiounsowend oder souguer nëmmen en Informatiounsstand an der Foussgängerzon ze goe fir do 2-3 mir wichteg Froen ze stelle wier ech scho frou gewiescht, mä och esou Saache ginn zu Ettelbréck vun de Parteien natierlech eréischt di lescht 10 Deeg virun de Walen offréiert. Als Student sinn ech do scho laang net méi am Land, an als Bréifwieler huet ee besser dee Moment schonn seng Walënnerlagen op d‘Post bruecht fir datt se och tatsächlech mat Zäiten ukommen an zielen.

Wëll da kee meng 13 Stëmmen?

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.