Ettelbréck: Politesch Integratioun vun Net-LëtzebuergerInnen net gewollt

Lëtzebuerg deet sech schwéier mat der politescher Integratioun vun Net-LëtzebuergerInnen. Dat ass net réischt gewosst säit dem Bekanntginn, datt sech just ee knappe Véierel vun deenen Auslänner, déi d‘Méiglechkeet dozou haten, fir d‘Gemengewalen dëst Joer ageschriw hunn.

D‘Grënn dofir sinn sécherlech villfälteg. Engersäits maachen d‘Parteien nach ëmmer vill ze wéineg während den Net-Walkampfzäite fir aktiv déi verschidde Communautéiten an hire Gemengen unzeschwätzen, anerersäits ass den Delai fir sech anzeschreiwen och vill ze fréi. Doriwwer eraus ass et awer och un de Gemenge selwer fir hir auslännesch BiergerInnen unzeschwätzen, an hinnen d‘Méiglechkeet ze gi matzeschwätzen.

Eng vun de bekanntste Servicer ass dobäi d‘Simultaniwwersetzung op Franséisch bei Informatiouns- an Diskussiounsversammlungen. Zu Ettelbréck gouf déi elo och iwwer eng gewëss Zäit och ëmmer ugebueden, bis elo am Fréijoer op der éischter Biergerversammlung zum Projet „Visioun 2030“. Op dëser Versammlung vu mir drop ugeschwat, huet de Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf (CSV) gesot, et wieren an der Vergaangenheet ëmmer just 1 oder 2 Persounen do gewiescht, déi de Service an Usproch geholl hätten an dowéinst géing en net gebraucht ginn. Lo kann een ignorant sinn a soen „Jo, mä se sollen dach souwisou Lëtzebuergesch léieren“ wat awer net op dës Versammlung spezifesch zoutrëfft, well se, op Grond vun den Invitéeën, quasi ausschliisslech op Däitsch gehale gouf. A just zur Informatioun, et waren deen Owend op d‘mannst nees déi ugeschwaten 2 Persounen do, déi eng Iwwersetzung gutt hätte kënne gebrauchen.

Integratioun ass kee Sens Unique, mä muss ëmmer vun deenen zwou Säiten aus goen!

Op den nächste Biergerversammlunge gouf dann erëm eng Simultaniwwersetzung ugebueden, bis elo am leschte Reider d‘Informatioun koum, datt well den Opwand fir de Service ze grouss, spréch ze deier, wier, géing een an Zukunft keng Iwwersetzunge méi ubidden, mä dat Geld dofir dann an aner Evenementer stiechen, déi der Integratioun hëllefe géingen, ewéi Fester oder Ähnleches.

Ech war éierlech gesot schockéiert. Et sollten zwar an Zukunft als eng Aart Ersatz no der Versammlung ee Resumé op Franséisch ugebuede ginn, mä dat ass jo net dat Selwecht!

Esou eng Simultaniwwersetzung kascht ronn 300€, dat sinn an engem Joer also ni méi wéi 5.000€. Wanns de net gewëllt bass, déi Suen opzebréngen, da bass de ganz einfach net drun interesséiert Net-Lëtzebuerger iwwer dee politesche Wee ze integréieren. Da brauch een sech awer och weder ze wonneren, nach driwwer opzereegen, wann d‘Leit et dann och net maachen. Integratioun ass kee Sens Unique, mä muss ëmmer vun deenen zwou Säiten aus goen!

Op d‘Fro vun der Simultaniwwersetzung ugeschwat, huet d‘Nationalpartei vum CSV-Koalitiounspartner zu Ettelbréck, d‘LSAP och gemengt, datt eng Offer vun esou engem Service iwwer Zäit och kloer genotzt géing ginn, an datt sech Gemengen och net dovunner ofschrecke loosse sollten, wann mol eng Kéier keen do ass, deen d‘Iwwersetzung braucht. Den National vun der CSV huet mer iwwregens op eng ähnlech Ufro vum 23. August (nach?) net geäntwert.

Lo ass et jo awer och net esou, datt et keng Méiglechkeete géinge ginn, d‘Offer vun enger Simultaniwwersetzung als Gemeng och ëmmer ze brauchen. Et kéint een z.B. an Zukunft d‘Biergerversammlunge mat Kamera a Mikro ophuelen, an dobäi di franséisch Iwwersetzung duerno um Internet als 2. Tounspuer, nieft der originaler, ubidden. Esou wieren di knapp 300€ pro Versammlung ni „verluer“, well keen de Service sur Place benotzt huet, an du häss séchergestallt, datt och soss jiddereen, deen eigentlech op dat Treffe wollt goen, awer iergenswéi verhënnert war, et sech op mannst méi spéit kann nolauschteren. Esou een ähnleche Videoservice gëtt et jo och schonn a verschiddene Gemenge fir d‘Gemengerotssëtzungen, et ass also näischt Onméigleches. Et misst ee just wëllen!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.