Als Beruffskapprëseler reegen ech mech net nëmmen iwwer d’Politik op nationalem an europäeschem Niveau op, mä selbstverständlech och iwwer déi lokal.
Sou soen ech mer ëmmer, datt et op Gemengenniveau eigentlech am Einfachste misst sinn fir Politik ze maachen, schliisslech ass et op dësem Niveau am simpelsten d’leit all ze erreeschen an hinnen ze erkläre wisou een eppes (net) mécht. Wann dës Informatiounspolitik awer schonn op einfachste Punkten net fonctionnéiert hues de et als PolitikerIn ëmsou méi schwéier, well sde da géint „Hören-Sagen“ a Gerüchter ukämpfe muss. Du hues als Gemengeresponsabelen also selwer ee grousst Interessi drun, datt d’Kommunikatioun tëscht Gemeng a BiergerInne klappt.

Zu Ettelbréck gouf de Problem vun dëser schlechter Kommunikatioun zwar scho viru puer Joer erfaasst a versicht an Ugrëff ze huelen – duerch d’Astelle vun enger „responsable des Relations publiques et la communication avec les citoyens“ – um eigentleche Problem huet sech awer leider net vill geännert. Dëst läit héchstwahrscheinlech un der net geännerter Aart a Weis fir Politik ze maache vun der CSV-LSAP-Koalitioun, déi heescht: „Léiwer ze wéineg ewéi ze vill relevant Informatiounen un d’Leit viruginn“, dobäi misst genau de Géigendeel de Fall sinn.
Sou goufe beispillsweis d’EttelbréckerInnen net op déi ëffentlecht Informatiounsversammlung iwwer d’Ënnerkunft vun de Flüchtlingen invitéiert. Och war d’lescht Joer eng Assise iwwer Integratioun zu Ettelbréck, wou zwar JournalistInnen invitéiert goufen, d’BiergerInnen awer bausse vir bliwwe sinn. Grad bei dësen Theme wier et awer enorm wichteg net just d’Gemengeresponsabel an d’Kommissiounsmemberen do sëtzen ze hunn, mä eben och den einfachen, interesséierte Bierger.

Do dernieft klappt mol net d’Informéieren iwwer Chantieren. Esou gëtt beispillsweis grad nieft der Rue Bourschterbaach zu Waarken eng nei Cité gebaut. Am Kader vun dësen Aarbechten ass elo d’Rue Bourschterbaach fir 10 Deeg gespaart – just driwwer informéiert gouf kee vun den UwunnerInnen. Just am Bushaischen an der Strooss houng 2 Deeg am Viraus een Ziedel, datt de CityBus dësen Arrêt net géing ufueren. Déi néideg Informatioune fënnt ee just wann ee selwer dann e bësse siche geet. Op der Facebook-Säit vun der Gemeng Ettelbréck war Donneschdes dee selwechte kuerze Post ewéi en am Busarrêt hänkt, awer och do keng Informatiounen doriwwer ewéi een dann elo korrekt an di eenzel Stroossen bei seng Wunneng komme kann. Dës awer wichteg Informatioun fënnt ee schlussendlech just um Internetsite an do och just hannert enger Iwwerschrëft déi di mannst tatsächlech mam Chantier a Verbindung bruecht hätten, dofir awer nach mat op d’mannst enger anerer ganz relevanter Info. Nämlech datt op enger Plaz virun den Haiser keng Autoe méi parken dierfen, dëst fir datt de CityBus do dréine kann. Just wann weder déi Informatioun schrëftlech, nach mat de soss übleche Parkverbuetschëlder matgedeelt gëtt, wéi soll een sech dann drun halen? De CityBus, dee schonn en méi groussen Ëmwee maache muss, verléiert doduerch just nach méi Zäit.

Nieft dëser oftmools express schlechter Informatiounspolitik ginn et awer och Kritikpunkten do unzeschwätze wou se besser fonctionnéiert. Wéi gewosst gëtt zu Ettelbréck geschwënn eng nei Gare opgeriicht. 2014 gouf et zur Presentatioun vum ganze Projet och eng gutt besichte Versammlung. Elo kuerz virum Ufank vum Chantier, wou all d’Detailer an di verschidde Phase vun dësem feststinn, gëtt och driwwer informéiert. D’Informatiounen iwwer dëse groussen a laange Chantier op dëser dach zentraler Plaz fir Ettelbréck schéngen awer just fir déi direkt Awunner relevant ze sinn, schliisslech goufe just dës op eng Versammlung invitéiert. Dobäi betrëfft et menger Meenung no awer all d’AwunnerInne vun Ettelbréck wann ronderëm d’Gare geschafft gëtt, doduercher nach méi Verkéierschaos verursaacht gëtt an anscheinend ganz Busarrêten an Trottoirë verschwanne sollen. Et hätt och ganz einfach net wéi gedo och di aner EttelbréckerInne vun dëser Infoversammlung a Kenntnis ze setzen. Beschtefalls hätten déi souguer interessant a wichteg Froe gestallt, déi soss net zu Wuert komm wieren. Wann een dann alt rëm vun esou enger Versammlung just iwwer d’Press gewuer gëtt kennt een sech alt nees e bësse méi fir domm verkaf vir.
[…] https://klotiiisblog.wordpress.com/2016/02/11/dettelbrecker-net-informatiounspolitik/Zu Ettelbréck huet dat mat der Informatiounspolitik guer net geklappt. A wann ech esou nolauschteren, war et zu Dikrech net esou vill besser. […]
Gefällt mirGefällt mir
[…] enger gudder Informatiounspolitik ass eng eescht gemengte Biergerbedeelegung – virun allem op kommunalem Niveau – ee wichtege […]
Gefällt mirGefällt mir
[…] hätt een et misse komme gesinn. Scho méi wéi eng Kéier hunn ech mech hei am Blog driwwer opgereegt, datt d‘Biergerbedeelegung an allgemeng d‘Aart a Weis wéi aktuell zu Ettelbréck Politik gema […]
Gefällt mirGefällt mir
[…] hätt een et misse komme gesinn. Scho méi wéi eng Kéier hunn ech mech hei am Blog driwwer opgereegt, datt d‘Biergerbedeelegung an allgemeng d‘Aart a Weis wéi aktuell zu Ettelbréck Politik gema […]
Gefällt mirGefällt mir