Eng vun den interessanteste Statistiken un engem Walowend ass fir mech ëmmer ewéi déi verschidden Alterskategorie gewielt hunn. Zu Lëtzebuerg hu mer op dës an aner interessant Asiichten an d’Walverhalen iwwer 16 Méint waarden, d’lescht Woch gouf nämlech – endlech – d’Analys vun der Uni.lu publizéiert.
Beim éischten Duerchscrollen ass mer dann awer opgefall, datt eben dës Statistik grad net derbäi ass. Glécklecherweis ass awer d’Electorat vun de verschiddene Parteien unhand vun den Alterskategorien opgeschlësselt, wourauser een déi gewënschten Informatioune rechne kann.
Als Pirat sinn ech perséinlech e bëssen iwwerrascht, datt „nëmmen“ 5% vun den 18-24-järegen eis gewielt sollen hunn, hat ech dach éischter mat 7-8% gerechent. Positiv stécht awer dann ervir, datt ee bis zu de 50-järegen eng stabil héich Basis huet.
Ervirzesträichen ass, datt d’CSV ëmmer nach – och wann den Ofstand bei de Jéngsten ëmmer méi kleng gëtt – an all Alterskategorie déi stäerkste Partei bleift.
Am Verglach mat de Wale vun 2009 ass et just d’LSAP déi an allen Alterskategorie Plomme muss loossen a keng, och net d’DP, kann an allen Alterskategorie bäileeën.