Nodeems sech schonn am Juli den ‚UN High Commissioner on Human Rights‘ an engem Rapport géint d’Vorratsdatespäicherung (VDS) ausgeschwat hat („Mandatory third-party data rentention (…) appears neither necessary nor proportionate.“) huet elo och den ‚Commissaire aux Droits de l’Homme‘ vum Conseil de l’Europe an engem Issue Paper eng souguer nach méi däitlech Ausso getraff. A senge Recommandatiounen op der Säit 22 schreift en nämlech:
„Suspicionless mass retention of communications data is fundamentally contrary to the rule of law, incompatible with core data-protection principles and ineffective. Member states should not resort to it or impose compulsory retention of data by third parties.“
Trotzdem hält de grénge Justizminister Felix Braz weiderhin un der Vorratsdatespäicherung fest. Dernieft koum réischt viru puer Deeg d’Meldung, datt déi nei EU-Kommissioun am gaangen ass un enger neier Direktive zur VDS ze schaffen…