Onméiglecht Relativéiere vun de Covid-19-Doudeszuelen

De 17. November haten de Premier Xavier Bettel an d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert nees eng Pressekonferenz fir iwwer den aktuelle Stand an der Coronavirus-Pandemie ze berichten. U sech also näischt Extraes. Et war dann awer eng Äntwert vum Paulette Lenert op eng Fro vum Christophe Bumb, déi mech beim éischten Héieren direkt baff zréckgelooss huet, an et ass bei engem zweeten oder drëtte Lauschteren och net besser ginn. Et goung ëm d‘Fro no den erhéichten Doudeszuelen déi lescht 4 Wochen, wou nach eng Kéier 100 Leit um Virus gestuerwe sinn, eng Zuel déi laut dem Journalist änlech grouss ass ewéi déi vu Mäerz bis Mëtt Oktober. D‘Äntwert vun der Gesondheetsministesch war du voll mat Relativéirunge vun där Zuel. Wéi eng genau, a wisou dat héich problematesch an deelweis esouguer geféierlech ass, versichen ech hei ze erklären.Weiterlesen »

JHA-Rundown: Nei (an net sou nei) Iwwerwaachungsmesuren

Wann d’EU-Justiz- a Policeminister*innen och d’Gesondheet an hire Ressorten hätten, sinn ech mer sécher, datt ee säit spéitstens Abrëll d’Gefill hätt, datt een an Europa gemeinsam géint de Coronavirus virgeet. Wann ëmmer et nämlech en Terroruschlag an Europa gëtt, sinn se ganz séier derbäi nei (an net sou nei) Iwwerwaachungsmesuren ze fuerderen an drun ze schaffen. Ech wollt iech hei ee klengen Iwwerbléck verschafen, wat aktuell d‘Prioritéite vun den nationale Regierungen an der Lutte géint den Terror sinn, sou wéi se ë.a. den 13. November an enger Videokonferenz vum zoustännege Conseil festgehale goufen.Weiterlesen »

De Projet Nordstad geet u schlechtem politesche Stil futti

An der Nordstad brennt de Bam. Alles wéinst engem geplangte Wandkraaftwierk vun de Gemengen Ettelbréck an Dikrech dat genau op der Grenz zu Ierpeldeng, a vill méi wichteg, direkt am Hannergaart vun de Biirder Leit soll gebaut ginn. Nee, hei geet et net ëm eng typesch NIMBY-Reaktioun, mä ëm schlechte politesche Stil vun den zwee „Groussen“ par Rapport zu hire méi klengen Noperen. De Kollateralschued ass dobäi immens, no Joerzéngte vun Diskussioune sollt et 2023 nämlech endlech zur Fusioun an der Nordstad kommen. Déi ass elo massiv a Gefor. Weiterlesen »

Europäesch Netzpolitik: All Stëmm zielt!

5 Stëmmen hu gefeelt géint d‘Uploadfilter. 3 hunn der gefeelt fir d‘1-Stonne-Reegel aus der Terrorfilter-Veruerdnung ze sträichen. Wann et ëm digital Grondrechter geet, ass d‘Europaparlament also matzen an der Mëtt gespléckt. Zu Lëtzebuerg hu mer d‘Chance dozou bäizedroen, datt am nächste Parlament déi knapp Decisiounen zu eisem Gonschten ausginn. Mir stëmmen zwar „just“ iwwer 6 Deputéiert of, mä et ass grad dee 6. Sëtz, deen 3. vun der CSV, dee méi wéi wackelt. Un eis dofir ze suergen, datt deen un eng Partei geet, déi eis digital Rechter verteidege wäert. Weiterlesen »

Wéi mer elo Artikel 13 nach verhënnere kënnen a wäerten!

Gëschter (13.02) war de leschten Trilog a Saachen EU-Urheberrechtsreform, an et gouf sech op ee fir den Internet enorm schlechten Text verstännegt. Artikel 13 wäert méi wéi nëmmen Uploadfiltere mat sech bréngen. Wat genau festgehale gouf, kënnt der beim Julia Reda op sengem Blog noliesen. Hei soll et elo just dorëms goen, wats Du elo maache kanns, fir sécherzestellen, datt esouwuel déi lëtzebuergesch Regierung, ewéi eis 6 Europadeputéiert am definitive Vott géint dës Reform stëmmen. Weiterlesen »

Digital Grondrechter: Wat erwaart eis 2019?

Et muss een sech Netzaktivist*innen an Dateschützer*innen als glécklech Mënsche virstellen. All puer Méint schliisslech gëtt et een Opschrei hei an Europa, datt entweder eis Fräiheetsrechter oder awer de fräien Internet vun iergendenger neier Veruerdnung oder Direktiv a Gefor geroden. Fir datt elo op mannst am neie Joer kee vun iech um falsche Fouss erwëscht gëtt, hunn ech mer d‘Méih gemaach ze kucke wat dann elo 2019 alles a Saachen (digital) Grondrechter op eis duerkënnt.
Weiterlesen »

Zukunftspartei? Zukunftspartei!

Si mer ëmmer nach um richtege Wee? Kënnen, sollen, mussen oder wëlle mer eis Prioritéite vläicht upassen? Ass d‘Zukunft vun der Partei ofgeséchert? Wann net, wat ass schif gelaf? Wann jo, geet eis dat duer? Kuerz no nationale Walen ass ëmmer eng gutt Zäit fir Parteien ee Schratt zréckzegoen an ze versichen aus der alldeeglecher Politik ze entfléien fir esou ee bessere Bléck op dat grousst Ganzt ze hunn. Ech versiche mech hei un esou enger kuerzer Analys vun deene Gréngen. Weiterlesen »

esports: Ob „Sport“ oder net ass u sech (net) egal!

Den esports, also dat kompetitiivt Videospillen, kënnt einfach net méi aus de mediale Schlagzeilen eraus. Ob wéinst engem Investissement vum Michael Jordan, wéinst der Decisioun vu McDonald‘s, net méi déi däitsch Männerfussball-Nationalequipe ze sponseren, mä léiwer am esports aktiv ze sinn, oder wéinst der grad fäerdeg gespillter Weltmeeschterschaft a „League of Legends“. Ganz beléift an der (virun allem däitschsproocheger) Press ass dobäi d‘Fro, ob den esports dann elo ee „richtege Sport“ ass, oder eben net. Och wann ech d‘Diskussioun doriwwer selwer enorm spannend fannen, ass d‘Äntwert dorobber wierklech egal, well pur Symbolik. Weiterlesen »